Welpespriechstonn

D'Welpespriechstonn ass fir all Welpen tëschent 9 a 16 Wochen.

Hei kënnen är Welpen matenee flitzen, spillen an d'Hondssprooch léieren. Natierlech alles uegeleed duerch mech fir datt och jiddereen dat Richtegt léiert.

An der Welpespriechstonn beschwätze mir awer och wichteg Themen, déi een an där Liewensphas mat sengem Welpen huet. 

D'Welpespriechstonn ass gratis a fënnt Sonndes nomëttes zweemol am Mount am Raum Chrëschtnech statt. 

Umeldungen trotzdeem wgl. iwwert de Buchungssystem. 

Ech freeë mech op iech an är Welpen.