Eenzelcoaching: Preventioun

Dat Wichtegst am Zesummeliewe vu Mënsch a Welpen ass d'Opbaue vun enger verloosslecher Partnerschaft.

 

D'Welpenzäit ass keen Trainingsprogramm. Si ass d'Basis vun ärer Bezéiung. Hei geet et ëm Orientéierung, Sécherheet a Vertrauen. 

 

Eng gutt Basis u Gronderzéiung, wat net "Sitz" oder "Platz", etc. ass, ass och wichteg, fir Ärem Hond spéider en aartgerecht, harmonescht a fairt Liewen ze erméiglechen.

Welpebesëtzer kënne, nom "Éischtgespréich" a weideren Eenzelcoachings un Themen, wéi Sozialisatioun, Selbstregulatioun & Impulskontroll, Beisshemmung, Eleng-bleiwen, Reegelen opsetzen, Grenze setzen, Frustratiounstoleranz steigeren, awer och un der Orientéierung, Leineführegkeet, Réckruff, Waarde kënnen,, etc. mat hirem Welpe weiderschaffen. 

 

Sitz, Platz & Co. spille just eng ënnergeuerdent Roll a menge Welpecoachings. Welpen mussen esou vill léieren, do ass e "Sitz" oder "Platz" definitiv net prioritär. Fir d'éischt dat Soziaalt, dann d'Signaler! 

 

Dës Eenzelcoachings fannen entweder bei Iech doheem, bei mir an der/ronderëm d'Praxis zu Chrëschtnech oder am alldeegleche Liewen dobaussen statt. Sou kënne mir d'Oflenkungen an d'Schwieregkeeten lues a lues steigeren.

 

Basispräis Eenzelcoaching: 100 €; Frais de Route (Pauschalen: < 20 km: 0 €; < 40 km: 15 €; > 40 km: 25 €; > 60 km: 40 €; Doheem beim Client: 40 €)


Buchung

All Buchungen fir Eenzelcoachings (oder Éischtgespréicher) gi wgl. iwwert dës Buchungssäit gemaach: 

https://buchung.dogtask.net/kundenbereich/

 

Huelt awer wgl. virun Ärer éischter Buchung mat mir Kontakt op, wann Dir nach net bei mir am Training/an der Berodung waard. An engem kuerze Message kënnt Dir mir jo Är Situatioun schilderen. Merci