Hondsphysiotherapie

 

D'Zil vun der Hondsphysiotherapie ass et Péng ze miniméieren, d'Heelung ze fërderen an d'Liewensqualitéit ze

verbesseren. 

 

An der Hondsphysiotherapie geet et drëms gestéiert Funktiounen am Beweegungsapparat ze behiewen. Zil ass et och, Péng ze miniméieren, Beweegungsofleef a Gelenkbeweeglechkeet ze normaliséieren. resp. ze erhalen an d'Fitness vum Hond ze verbesseren - bis an den héijen Alter. 

 

Duerch geziilt physiotherapeutesch Moossname kënnen Heelungsprozesser verkierzt an den Däiwelskrees vu Fehlbelaaschtung, Schounhaltung a Péng kann ënnerbrach ginn.

Physiotherapie ass e wichtegen Deel fir e gesond a fit Liewe vun Ärem Hond.

Physiotherapie ersetzt natierlech net de Besuch beim Veterinaire, mee ergänzt d'Behandlung bei dësem a verschiddene Fäll. 

 

Niewend der ganzheetlecher Behandlung vu klenge Boboën, wéi Gelenks- a Muskelfunktiounsstéierungen, Verspaanungen a Muskelen & Verkliewungen a Faszien, etc., läit mäi Fokus an der Hondsphysio och op der Fitness vum Hond: 

- Massagetechniken

- Krankegymnastik

- medizinesch Trainingstherapie

- Koordinativ Fäegkeeten ausbauen

- Muskelopbau/Muskelerhalt

- Gewiichtsreduzéierung bei Iwwergewiicht

...

Dofir hunn ech am März 2024 och "Hunde-Fitness-Coaching" Fortbildung bei der Dogtisch Academy ugefaang, fir mech an dësem Bereich weider ze forméieren. 

 

Anamnese: 

ca. 60 Min.: 65 €

 

Behandlung: 

ca. 30-45 Min.: 50 €*

* zzgl. Frais de route ab 15 km vu Chrëschtnech (0,50 €/km) 

 

Am Moment si just Rdvër bei Eech doheem méiglech. 

(Ab Juni 2024 sinn awer hoffentlech och Rdvër méiglech a mengem dogtask Büro/Praxis zu Chrëschtnech.)

 

Fir Rdvër kontaktéiert mech wgl. iwwert de Formulaire ënnen.

 

 

Rdv fir Hondsphysiotherapie

Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.