Welpen: Preventioun

Grad an der Welpenzäit (bis ca. déi 18. Woch) ass et immens wichteg, dem Welpen déi néideg Erzéiung zoukommen ze loossen - individuell u Perséinlechkeet, Rass a Bedürfnisser ugepasst. 

Eng gutt Basis u Gronderzéiung, wat net Sitz oder Platz, etc. ass, ass immens wichteg, fir dem Welpen spéider en aartgerecht, harmonescht a fairt Liewen ze erméiglechen. 

Welpebesëtzer kënne, nom Éischtgespréich,  a weideren Eenzelstonnen un Themen, wéi Sozialisatioun, Beisshemmung, Eleng-bleiwen, Reegelen opsetzen, Grenze setzen, Frustratiounstoleranz steigeren, awer och Orientéierung, Leineführegkeet, Réckruff, Waarde kënnen, Selbstregulatioun/Impulskontroll, etc. mat hirem Welpen weiderschaffen. 

Sitz, Platz & Co. spille just eng ënnergeuerdent Roll a menge Welpeberodungen. 

 

Dës Eenzelstonne fannen entweder bei Eech doheem oder am alldeegleche Liewen dobaussen statt. Sou kënne mir d'Oflenkungen an d'Schwieregkeeten lues a lues steigeren. 

 

Präisser: 

Éischtgespréich am alldeegleche Liewen:

ca. 60 Min.: 80 € 

 

Eenzelberodung/Training am alldeegleche Liewen:

60 Min.: 80 €

 

Éischtgespréich oder Eenzelberodung/Training bei Eech doheem:

120 Min.: 160 € *

 

Eenzelberodung/Training bei Eech doheem just buchbar bei enger Fart vun ënner 20 km vu Chrëschtnech aus

60 Min.: 80 € **

 

D'Éischtgespréich gëtt sur place bezuelt - cash/Payconiq.

Dono gëtt all Berodung/Training am Viraus iwwerwisen/payconiqt, resp. spéitstens den Dag selwer bezuelt (cash/Payconiq).

Bei Ofsoen vu manner wéi 24 Stonnen am Viraus gëtt de Rdv voll berechent.  

Participatioun op eege Gefor. 

 

* bei > 50 km ee Wee, gi Frais de route (hin an zeréck) an Héicht vun 0,50 €/km ab Chrëschtnech. derbäigerechent.

** Befort, Berdorf, Chrëschtnech, Consdorf, Fëschbech, Fiels, Hiefnech, Jonglënster, Miedernach, Miersch, Noumer, Steeën, Waldbëlleg...