Iwwer mech

Gebuer 1982, wunnen ech mat mengem Mann an eisen dräi Muppen (een Chesapeake Bay Retriever an zwee Curly Coated Retriever) am schéine Mëllerdall. Ech hu wärend mengem Studium Modejournalismus/Medienkommunikation schnell gemierkt, datt mäi Interessi fir Muppe vill méi grouss war, wéi fir Moud (dat schon ëmmer eigentlech), sou datt ech och scho meng Ofschlossaarbecht iwwer d'Roll vum Hond an der haiteger Gesellschaft geschriwwen hunn.

 

2009 hunn ech dunn ugefaangen Training am Retriever Club Lëtzebuerg ze halen. Séier ass mir dat Wëssen wat ech bis dohin hat net duergaangen, an ech hunn ugefaangen e ganze Koup Seminaire, Ausbildungen a Fortbildungen zu all méiglechen Themen ronn ëm den Hond ze besichen. Sou hunn ech mäin theoretescht a praktescht Wëssen e.a. iwwer d'Erzéiung, d'Ausbildung an d'Ernärung vum Hond vergréissert. Ech hu mech op Welpen an op verhalensopfälleg Hënn spezialiséiert a mech an der Berodung an am Ëmgang mat Mënschen weidergebilt. Des Weideren hunn ech eng Dummytrainer Formatioun gemaach a bidden säit 2022 mat enger Equipe eng Schoulhondformatioun un. Säit Februar 2024 sinn ech dann och lo zertifizéiert Hondsphysiotherapeutin. 

 

Säit 2014 maachen ech dogtask lo haaptberufflech.

Iwwer all déi Joren ass mäin Erfarungsschatz duerch meng sou ënnerschiddlech Clienten mat hiren inhomogenen Hënn, an duerch d'Zesummeliewe mat mengen eegenen, deels schwieregen Hënn, gewuess. 

Eng Lëscht mat all menge Aus-, resp. Fortbildungen fannt Dir hei.