ONLINE

Live Calls

Wousst du, datt's du och iwwer Live Call deng Froe stelle kanns, z.B. tëschent den Eenzelcoachings? Oder och wann's du eppes an enger Gruppestonn net verstan hues an dozou nach Froen hues? 

Mir maachen e Rdv aus, wou mir eis dann iwwer Zoom online gesi fir deng Froen ze klären. 

E Live Call ass nëmme fir scho bestoend Clientë méiglech, also net als Éischtgespréich, well ech heivir definitiv däin Hond an dech gesi muss.  

Live Calls kënnen och "no Feierowend" geplangt ginn, wann dagsiwwer wéineg Zäit ass. 

 

Live Call: 

45 Min.:  60 €

 

 

Package Eenzelcoaching & Live Calls

Du wëlls eng längerfristeg Begleedung ouni dech ze vill deplacéieren ze mussen? Dann ass dëse Package genee dat Richtegt fir dech an däin Hond: 

Mir gesinn eis fir en Éischtgespréich, resp. Eenzelcoaching wann's du däin Éischtgespréich mat mir schonn haass, an duerno gesi mir eis online fir all deng Froen an dat weidert Virgoen ze klären. Dëst widderhëlt sech da nach zweemol. 

 

3 x Eenzelcoaching (Éischtgespréich) & 3 x Live Call am Wiessel

450 € (zzgl. Frais de route je no Distanz)

 

Buchung per Mail