Philosophie

"Mens sana in corpore sano" - e gesonde Geescht an engem gesonde Kierper.

Kierper a Geescht si net ze trennen, wann et ëm Verhalen geet. Alles huet Auswierkungen op den Hond, souwuel mental, mee eben och kierperlech. 

 

De Mënsch huet e ganz groussen Afloss op d'Wuelbefanne vu sengem Hond. Onsécherheeten, Stress, etc. beim Mënsch weise sech kloer am Verhale vum Hond. Sou ass et meng Aufgab de Mënsch am Ëmgang mat sengem Hond ze ënnerstëtzen an awer och ze fërderen. 

Wéi seet ee sou schéin? "De Mënsch mécht den Hond".

 

Och wa verschidde Coursen sech ëm formaalt Léieren (Gehorsam/Dressur) dréinen, läit mäi Fokus awer op der Erzéiung (soziaalt Léieren) & Kommunikatioun vum a mam Hond, besonnesch am Verhalenstraining an an der Welpen-Preventioun. 

Am Verhalenstraining geet et net drëm, Hënn ze dresséieren, mee op hier Bedürfnisser anzegoen, hinne Verantwortung ofzehuelen a nei Léisungsméiglechkeeten opzeweisen. Heivir ass eng grouss Selbstreflexioun vun de Besëtzer néideg. 

An der Welpen-Preventioun geet et drëms déi richteg Weiche ze leën, fir en harmonescht Zesummeliewen z'erméiglechen an ze evitéieren, datt sech Problemverhalen entwéckele kann.  

 

D'Kombinatioun vum "Mënsche-Coaching" a vun der Behandlung vu souwuel Verhalens-, wéi och Kierperleche Problemer beim Hond (Hondsphysiotherapie), erméiglecht et mir béide Parteien op hirem Wee fir en harmonescht Zesummeliewen ze hëllefen.

Ech verfollegen eng holitesch Approche. 

 

Method

Ech hëllefen Iech e bessert Verständnis zwëschen Iech an Ärem Hond z'entwéckelen an bidden Iech Ënnerstëtzung fir en harmonescht a fairt Mateneen mat Ärem Hond z'erreechen. D'Berodung bezitt sech och vill op Iech als Mënsch: Muppen fëllen mat hire Reaktioune gären d'Lücken, déi mir hinnen bidden, sou bewierkt ee nëmmen eng Verännerung beim Hond, wann een och eppes bei sech verännert. Sou huelen ech jiddereen do of, wou e steet a wat en am Stand ass ëmzesetzen, a versiche sou all Mënsch a Bezuch op säin Hond ze fërderen, awer och ze fuerderen a sou ze stäerken. Ech bidden eng ganzheetlech Berodung un. 

 

Ech hu net déi eng Method, déi ech all Mënsch-Hond-Team iwwerstülpen an dann hoffen, datt dat scho funktionéiert. Éierlech gesot, schaffen ech guernet no enger bestëmmter Method. An der Hondserzéiung gëtt et och keng Patentrezepter a schnell (Wonner)Resultater. 

Den intuitiven Ëmgang mam Hond ass wichteg. De Begrëff "Autoritativ Erzéiung" erkläert et ganz gutt: 

 

"Kontrollierend mit klaren Regeln, beinhaltet aber Zuneigung, Empathie und Toleranz für die Bedürfnisse der Gemeinschaft." D.h. fair a respektvoll.

 

Erzéiung ass net d'Erléieren vu Kommandoen. Erzéiung heescht virun allem Bezéiung, kloer Reegelen, geziilt Grenzen setzen fir Fräiheete loossen ze kënnen. Ouni eng gutt Bezéiung an eng sécher Bindung geet et net. Eng sécher Bindung déi duerch Vertrauen, Souveränitéit, kloer Reegelen a géigesäitege Respekt gepräägt ass. 

 

Och de geziilten Asaz vun der eegener Kierpersprooch an d'Erléieren vun der "Hondssprooch" ass immens wichteg. Et geet bei der Erzéiung vum Hond, änlech wéi beim Mënsch, ëm e soziaalt Léieren: D'Ausbauen vu soziale Kompetenzen fir an der haiteger Welt eens ze ginn.