Ënner "Alles am Grupp" falen all meng Déngschtleeschtungen, wéi Social Walks, Workshops oder Gruppecoursen.
Och wa verschidde Coursen sech ëm formaalt Léieren (Gehorsam/Dressur) dréinen, läit mäi Fokus awer op der Erzéiung (soziaalt Léieren) vum Hond & der Kommunikatioun tëschent Mënsch an Hond, an d'Verständnis fir d'Signaler an d'Bedürfnisser vum Hond.
Dir fannt weider Informatiounen zu menge Gruppenofferen op deene jeweilege Säiten.