Ech begleeden Iech intensiv déi éischt fënnef Wochen an deenen Äre Welpe bei Iech ass. Direkt ab dem zweeten, drëtten Dag. D.h. de Welpepackage ass fir Welpen tëschent 8 a 16 Wochen geduecht.
Mir fänken u mat engem Éischtgespréich bei Iech doheem. Hei kläre mir Är éischt Froen a kucken eis un u wat et doheem ukënnt. An där Woch gesi mir eis dann och nach fir eng "Sozialisatiounsstonn" (2 bis max. 4 Welpen)
An där zweeter Woch steet en Eenzelcoaching am alldeegleche Liewen un an en Onlinecoaching.
Déi drëtt Woch ass eng Tandemstonn mat engem anere Welpe virgesinn, genee wéi eng weider "Sozialisatiounsstonn".
An der véierter Woch ass erëm en Eenzelcoaching dobaussen an e Coaching "online" geplangt.
An där fënnefter Woch ass nach eng weider Tandemstonn an eng ofschléissend Sozialisatiounsstonn.
De Package beinhaltet also:
1 x Éischtgespréich doheem, 2 x Eenzelcoaching, 2 x Onlinecoaching, 2 x Tandemstonn an 3 x Sozialisatiounsstonn
Am Ganzen sinn dat 10 h Coaching.
Rdver ginn individuell festgeluecht soubal zwou Buchungen fir de Welpepackage agaang sinn.
D'Tandemstonn ass mat engem anere Welpen, d'Sozialisatiounsstonn mat max. 4 Welpen.
An den Tandemstonnen gëtt dat wat an den Eenzelcoachings geléiert ginn ass mat klenger Oflenkung ëmgesat.
No dësem Package ass een ideal virbereed op d'Liewen.
Du fënns dat hei super? Däin Hond ass awer scho méi al? Kee Problem! Kuck hei!!
| Woch 1 | Woch 2 | Woch 3 | Woch 4 | Woch 5 |
| Éischtgespréich | Eenzelcoaching | Tandemstonn | Eenzelcoaching | Tandemstonn |
| Sozialisatiounsstonn | Online | Sozialisatiounsstonn | Online | Sozialisatiounsstonn |
De Welpepackage ass iwwert de Buchungssystem ze buchen.
Präis: 685 €