Grad an der sougenannter Pubertéit (eigentlech Adoleszenz) sinn déi meescht Leit mat hiren Hënn iwwerfuerdert. Awer leider net nëmmen d'Leit.
Besonnesch an dëser Liewensphas ass e verlässleche Partner un der Säit vum Hond essentiel. E Mënsch deen e Plang huet a säi jonken Hond duerch déi schwiereg Phas guidéiere kann. Mat Rou, enger gewëssener Coolness a Fairness. Genee dëst ginn ech Iech an dësem Package un d'Hand andeems ech Iech intensiv wärend zéng Wochen betreien.
Dëse Package ass fir Hënn tëschent 5 a 24 Méint. (kleng Rassen och schonn e Mount éischter; grouss Rassen ab 35 Kilo och méi laang,.)*
Mir fänken u mat engem Éischtgespréich bei Iech doheem. Hei kläre mir Är éischt Froen a kucken eis u wat een doheem villäicht misst ännere fir och eng éischt Verännerung bei Iech a beim Hond ze bewierken.
An där zweeter Woch gesi mir eis fir en Eenzelcoaching am alldeegleche Liewen.
An där drëtter Woch steet en Onlinecoaching u fir Froen ze beäntweren a villäicht nach e puer Stellschrauwen ze dréien, etc.
Déi véiert Woch ass eng Tandemstonn mat engem anere jonken Hond virgesinn, déi fënneft Woch eng éischt "Sozialisatiounsstonn".
An der sechster Woch ass erëm en Eenzelcoaching dobaussen an déi siwent Woch ass e Coaching "online" geplangt.
An där aachter Woch ass nach eng weider Tandemstonn, an där néngter Woch eng ofschléissend Sozialisatiounsstonn, an zum Schluss nach en Eenzelcoaching an der 10. Woch..
De Package beinhaltet also:
1 x Éischtgespréich doheem, 3 x Eenzelcoaching, 2 x Onlinecoaching, 2 x Tandemstonn an 2 x Sozialisatiounsstonn
Am Ganzen sinn dat 10 h Coaching.
Rdver ginn individuell festgeluecht soubal zwou Buchungen fir den Teeniepackage agaang sinn.
D'Tandemstonn ass mat engem anere jonken Hond, d'Sozialisatiounsstonn mat max. 4 jonken Hënn, éischter 2. D'Sozialisatiounsstonn muss net forcement heeschen, datt d'Muppe madenee lafen.
An den Tandemstonnen gëtt dat wat an den Eenzelcoachings geléiert ginn ass mat Oflenkung duerch een aneren Hond ëmgesat.
No dësem Package ass een ideal virbereed fir de Life Skills oder Formalismuscours. Oder einfach op d'Liewen.
* Dëse Package ass net geduecht bei Aggressiounsthematiken. Do ass eng intensiv Betreiung z.B. durch mäi Package Eenzelcoachings & Live Calls méiglech. Natierlech kënnt Dir och just Eenzelcoachings buchen.
De Teeniepackage ass ab demnächst iwwert de Buchungssystem ze buchen.
Dir kënnt Iech iwwert e Message awer virmierke loossen.
Präis: 729 €
| Woch 1 | Woch 2 | Woch 3 | Woch 4 | Woch 5 |
| Éischtgespréich | Eenzelcoaching | Onlinecoaching | Tandemstonn | Sozialisatiounsstonn |
| Woch 6 | Woch 7 | Woch 8 | Woch 9 | Woch 10 |
| Eenzelcoaching | Onlinecoaching | Tandemstonn | Sozialisatiounsstonn | Eenzelcoaching |