Welpen

Grad an der Welpenzäit (bis ca. déi 20. Woch bei grousse Rassen), resp. och an der Junghundephase, ass et immens wichteg, Ärem Hond déi néideg Erzéiung zoukommen ze loossen - individuell u Perséinlechkeet, Rass a Bedürfnisser ugepasst. 

 

Dat Wichtegst am Zesummeliewe vu Mënsch a Welpen ass d'Opbaue vun enger verloosslecher Partnerschaft.

 

D'Welpenzäit ass keen Trainingsprogramm. Si ass d'Basis vun ärer Bezéiung. Hei geet et ëm Orientéierung, Sécherheet a Vertrauen. 

 

Heifir hunn ech e spezielle Package fir Welpebesëtzer zesummegestallt. All Informatiounen fannt Dir op deene nächste Säiten. 

 

Selbstverständlech kënnt Dir awer och Eenzelcoachings eenzel buchen oder um Welpecours Social Skills deelhuelen, souwéi un de gratis Welpespriechstonnen (just fir Welpen vun 9 bis 16 Wochen).