Kriss du demnächst oder Ufank 2026 e neien Hond? Du hues schonn en Hond, mee sou richteg klappt dat nach net? Wëlls du mat dengem Hond verbonnen duercht Liewe goen? Da sécher dir lo schonn deng Plaz an engem vu menge Coursen!
Ab Abrëll 2026 gëtt erëm de Cours "Life Skills" fir jonk Hënn organiséiert. Och eng Oppe Grupp ass geplangt.
E Formalismus-Cours (Gehorsam +) an e Welpecours "Social Skills" starten Ufank Juni.
D'Coursen si viraussiichtlech Samsdes Nomëttes. D'Oppe Grupp ass um Mëttwoch Owend.
Den Ufank vun all Cours mécht e Live Call iwwer Zoom. Deen ass entweder Dënsdes oder Mëttwochs owes (19:30 Auer).
Iwwert den August si wéi ëmmer Workshops geplangt.
Eréischt am Hierscht (ab September) kommen nees weider Coursen derbäi.
!! Informatioune kommen ab Start vum Cours ausschliisslech iwwert Signal Messenger App. (Gratis an all Appstore.)
Am Formalismus-Cours geet et ëm Gehorsam. Also alles, woubäi een e Kommandoe brauch: "Sit", "Platz", "Stop", etc.
Mir beschäftegen eis hei mat engem fokusséierten a propperen Opbau vun deene wichtegste Kommandoen, déi een am Alldag gebrauche kann. Am Formalismus geet et net nëmmen ëm den Opbau eleng, mee ëm eng prezis Ausféierung.
De Formalismus ass eng wonnerbar mental Auslaaschtung fir den Hond a ka verschidde Situatiounen am Alldag erliichteren. Des Weidere kann de Formalismus d'Mënsch-Hond-Bindung stäerken, duerch déi gemeinsam Aarbecht an d'Erschaffe vu Léisungen. Och d'Erléiere vum Asaz vun der eegener Kierpersprooch gehéiert derzou.
De Cours besteet aus Theorie (Online 1 x 1 h) a Praxis (dobaussen 6 x 1h)
De Mindestalter fir dëse Cours ass 8 Méint.
E Welpen/jonken Hond muss fir d'éischt aner Saache léieren. ;)
Präis: 240 €
Mind. 4 Teams pro Cours
Umeldungen nach bis den 09.06. 23:00 Auer méiglech.
Start: Formalismus-Cours
10.06.: Live Call (19:30 Auer)
27.06.: 1. & 2. Praxisstonn (16:00 bis 18:00 Auer)
04.07.: 3. Praxisstonn (16:00 bis 17:00 Auer)
11.07.: 4. Praxisstonn (16:00 bis 17:00 Auer)
18.07.: 5. & 6. Praxisstonn (16:00 bis 18:00 Auer)
All Buchungen ginn iwwert dës Buchungssäit gemaach:
https://buchung.dogtask.net/kundenbereich/
Huelt awer wgl. virun Ärer éischter Buchung mat mir Kontakt op.
An engem kuerze Message kënnt Dir mir jo Är Situatioun schilderen. Merci
Gëllt net fir scho bestoend Clienten.