Réckruff 2.0 - mat an ouni Päiff & steigender Oflenkung
Termin: 01.August 2026
Ass d'Grondbasis fir e verbindleche Réckruff geluecht, muss d'Oflenkung lues a lues gesteigert ginn, fir datt den Hond och bei méi schwirege Situatiounen weess wéi e reagéiere muss, wann e geruff gëtt...
Viraussetzung: Basis Réckruff
Mindestalter 6 Méint
Dauer: 2 h
Nuesenaarbecht fir ënnerwee
Termin: 08. August 2026
Ech weisen dir an dësem Workshop wéi s du mat wéineg Opwand a wéineg Material kreativ a flott Nuesespiller fir däin Hond maache kanns. Iwwer Fäerten, Gerochsdifferenzéierung, etc. kucke mir eis verschidde Méiglechkeeten u fir däin Hond ënnerwee ze beschäftegen.
Viraussetzung: keng
Mindestalter 6 Méint
Dauer: 2 h
Foussaarbecht "Retriever-Style"
Termin: 29. August 2026
Foussaarbecht ass e wichtegt Element am Dummy- oder am Begleithundetraining. Oder och fir am Alldag schwiereg Situatioun ze managen an esou Rou ranzebréngen. Grad am Dummy ass et wichteg, datt däin Hond léiert sech no vir ze fokusséieren a net erop bei dech ze kucken (wat iwwregens och immens schlecht fir d'Haltung ass). An dësem Workshop weisen ech dir wéi, a wéi een et erreecht, datt d'Foussaarbecht spéider wéi op Autopilot fonctionéiert.
Viraussetzung: keng
Mindestalter 6 Méint
Dauer: 2 h
Dummytraining fir Newbies
Termin: 19. September 2026
Dummy ass eng wonnerbar Teamaarbecht. An dësem Workshop léiers du déi éischt Basics fir an déi wonnerbar Welt vun der Dummyaarbecht mat dengem Hund eranzeschnupperen. Heizou gehéieren e.a. verschidde Päiffkommandoen, e gudde Gehorsam a vill Spaass. Dummy ass iwwregens super fir d'Mënsch-Hond-Bindung ze stäerken.
Weider Infoen zum Dummytraining hei.
Viraussetzung: Hond soll Spillsaach droen & halen
Mindestalter 6 Méint
Dauer: 3 h
Umeldungen sinn iwwert de Buchungssystem méiglech.