Social Skills (Welpecours)

De Social Skills ass fir Welpen tëschent ca. 10 an ca. 24 Wochen oder och jonk Hënn aus dem Déierschutz, déi nach e bëssen opschaffe mussen. 

 

Mir fokusséieren eis op déi wichteg Elementer am Zesummeliewe vu Mënsch an Hond, fir datt de Welpen eng vertrauensvoll a sécher Bindung zu sengem Mënsch(en) opbauen, Sozialkompetenzen entwéckele kann an de Mënsch säi Welpe wierklech verstoen a mat him kommunizéiere léiert. Lassgeléist vun deenen üblechen Techniken a Kommandoen, mee hin zu enger natierlecher Verbonnenheet mam Hond a senger Natur. 

 

All Cours besteet aus Theorie (Online 1 x 1h) a Praxis (dobäussen 6 x 1h). 

 

Ugeholl gi 4 Teams.

Umeldungen: 4/4 Teams

  

Start Social Skills: 

02.06.: Live Call (19:30 Auer)

06.06.: 1. Praxisstonn (15:00 Auer)

21.06.: 2. Praxisstonn (16:00 Auer)

27.06.: 3. Praxisstonn (15:00 Auer)

04.07.: 4. Praxisstonn (15:00 Auer)

11.07.: 5. Praxisstonn (15:00 Auer)

18.07.: 6. Praxisstonn (15:00 Auer)

 

Buchung wgl. iwwert de Buchungssystem

Präis: 240 €