E Social Walk ass e geleete Spadséiergang mat anere Mënschen an hiren Hënn. Heiansdo gi geziilten Übungen ënnerwee gemaach, heiansdo geet et awer och reng ëm dat Zesummen-Goen.
Am "Social Walk ONleash" bleiwen d'Muppen un der Léngt an et geet drëms, datt jiddereen d'Geleeënheet kritt, säin Hond ze beobachten, aschätzen a féieren ze léieren. Dës Social Walk si fir all Hënn ab dem Alter vu 6 Méint geduecht. Sozialkompetenzen déi hei gefërdert ginn, sinn Impulskontroll, Frustratiounstoleranz, Leinefürung, Vertrauen...
Am "Social Walk ONleash" sinn och verhalens-
kreativ Hënn wëllkomm. Maulkuerf optional, je no Thema.
Am "Social Walk OFFleash" kënnen d'Muppen och situativ vun der Léngt gelooss ginn, fir mat deenen aneren Hënn ze kommunizéieren (an ze spillen). Sozialkompetenzen déi hei gefërdert ginn, sinn eng adequat Hondssprooch erléieren, Selbstwirksamkeet, Selbstvertrauen, Impulskontroll, Frustratiounstoleranz, Vertrauen a säi Mënsch, Beobachtungsgab vum Mënsch, richtegt Reagéieren vum Mënsch...
De "Social Walk OFFleash" gëtt dowéinst an Altersklassen, resp. Gréisst agedeelt, fir datt hei kee vun
de Muppen ënnergeet. Prinzipiell kënnen hei och verhalenskreativ Hënn matgoen. D'Droe vun engem Maulkuerf ass da Pflicht. Dofir muss ech d'Muppen heivir och kennen, d.h. mind. en Éischtgespréich ass virum Social Walk
OFFleash Pflicht.
NEW! Silent (Social) Walk & Slow (Social) Walk - ONleash:
Beim Silent (Social) Walk si mir ouni ze schwätze mat eise Muppen ënnerwee. Et geet drëms sech op sengem Hondan op déi eege Kierpersprooch ze konzentréieren. Ech leeden iech un mat ärem Hond reng kierpersproochlech ze kommunizéieren. Mir huelen eis dann och Zäit all Geräischer a Gerécher am Bësch wouer ze huelen an esou an d'Naturanzedauchen.
Am Slow (Social) Walk praktizéiere mir Trëppel-Stoen. D.h. mir sinn esou lues ënnerwee, datt mir bal stinn. Hei geet et ëm Entschleunegung, am Moment-Sinn, Achtsamkeet a Gedold. Dem Hond erméigleche mir esou senge Bedürfnisser no Schnoffelen nozegoen. Mir versichen den Alldag hannert eis ze loossen an eisen Hond an eis selwer an eng Rou ze bréngen.
Präis
"Social Walk ONleash" & "Social Walk OFFleash":
35 €/2 h
An de Präisser sinn all Abgaben akalkuléiert.
Social Walk OFFleash
NEW!
18.06.2026: Slow (Social) Walk (17:30 bis 19:30 Auer)
D'Muppen bleiwen un der Léngt.
Definitiv fir Auszeprobéieren.
All Buchungen gi just nach iwwert dës Buchungssäit gemaach:
https://buchung.dogtask.net/kundenbereich/