Dummytraining

Dummytraining ass eng wonnerbar Teamaarbecht fir all Mënsch-Hond-Team. Dummy ass eng bedürfnisorientéiert a kreativ Méiglechkeet säin Hond auszelaaschten. Dummy ass awer vill méi komplex, wéi ech geheien eppes an den Hond geet et sichen a bréngt et zeréck. Dummy besteet aus MarkéierungenAweisen an der Grousser Sich.

 

Markéierung = den Hond gesäit den Dummy falen ("Apport")

Aweisen = den Hond weess net, wou den Dummy läit a gëtt vu sengem Mënsch iwwer Richtungsuweisungen dohi geschéckt ("Voran", Riets/Lénks/Back) (cf. Photo uewen)

Grouss Sich = den Hond sicht selbststänneg a systematesch e grousst Sichgebitt no Dummyen of a bréngt se ee nom aneren zeréck ("Such")

 

Fir den Dummytraining si verschidde Päiffkommandoen néideg (z.B. klenge Suchenpfiff, Stoppfiff, etc.), genee wéi eng gutt Impulskontroll an eng Basis u Gehorsam, wéi Foussaarbecht, Sëtze-Bleiwen, stabille Réckruff, awer och d'Akzeptéieren vun engem Korrekturwuert, resp. Ofbrochkommando.

Dëst alles léiert Dir zesumme mat Ärem Hond a mengen Dummystonnen. 

 

Dummytraining bidden ech fir Ufänger a Fortgeschrëttener an aner Interesséiert als Eenzeltraining un, fir all eenzel Elementer a Rou a klengschrëtteg opbauen ze kënnen. Et besteet och d'Méiglechkeet am Tandem mat engem aneren Hond ze trainéieren, deen um gläichen Trainingsstand ass; oder an der 4erGrupp.

Bei jonken Hënn ënner 8 Méint roden ech awer ufanks ëmmer zu Eenzelstonnen. 

 

Eenzelstonnen - Dummy 

Jonk Hënn ab ca. 12 Wochen bis ... (ca. 60 Min.) 

 

Tandem - Dummy

Tandem - zwee Hënn op deem selweschte Niveau (ca. 90 Min.)

 

Grupp - Dummy:

Viraussetzung ass roueg am Grupp schaffen ze kënnen. Gruppe ginn dem Niveau no agedeelt: 

Einsteiger/Ufänger Grupp & Gutt Ufänger/Fortgeschrëttene Grupp

Et ginn héchstens 4 Teams pro Grupp ugeholl. (ca. 90 Min.)

 

An de Präisser sinn all Abgaben akalkuléiert.  

 


Buchung

Buchungen fir Dummy ginn wgl. iwwert de Buchungssystem gemaach: 

https://buchung.dogtask.net/

 

Eenzelrdver ënner "Einzelcoaching", Tandem & Dummygrupp ënner "Gruppenangebote"