Déi Oppe Grupp ass fir all Hënn déi méi al si wéi 6 Méint geduecht. De Cours konzentréiert sech op elementar Saachen déi fir e relaxt Zesummeliewe vu Mënsch an Hond néideg sinn. Mir behandelen also querbeet souwuel Kommunikatiounsthematiken, wéi och Erzéiung a Formalismus.
Dës Oppe Grupp ass och optimal fir Leit, déi mol gären eng Gruppestonn probéiere wëllen, ouni direkt mat villen aneren Hënn konfrontéiert ze sinn.
Fir déi Oppe Grupp gi mind. 2 Hënn a maximal 6 Hënn ugeholl. Vu que datt et eng oppe Grupp ass, kënnt ee wéi een Zäit a Loscht huet - mat Umeldung natierlech. D.h. et ka sinn datt een déi eng Kéier just mat engem aneren Team Training huet, déi aner Kéier si villäicht sechs Teams derbäi.*
* Ech hale mir natierlech dat Recht vir de Cours just bei enger Umeldung ofzesoen.
Treffpunkt ass am Raum Chrëschtnech, souwéi zu Iechternach oder Miersch, mee och emol méi urban, z.B. an der Stad.
Déi Oppe Grupp fënnt Mëttwochs owes um 18:00 Auer statt.
Präis:
45 € / 1 h
Méi en héijen Eenzelstonnepräis, vu que héchstwarscheinlech meeschtens an enger klenger iwwerschaubarer Grupp geschafft gëtt.
Buchung ass iwwert de Buchungssystem méiglech.
17.06.2026 um 18:00 Auer
01.07.2026 um 18:00 Auer
...
Treffpunkte ginn iwwert Signal Messenger App matgedeelt.