Eenzelcoaching

Am "Éischtgespréich" - Ären éischte Rdv mat mir - beschwätze mir Är momentan Situatioun mat Ärem Hond an ech beäntweren Iech Är éischt Froen. Ech kucken mer natierlech och Ären Hond un a beobachten Iech am Ëmgang mat him. Ech stellen Iech Froen zum Dagesoflaf, zu der Ernierung, Beschäftegung an deem villäicht schon absolvéierten Training. Sou kréien ech déi néideg Informatiounen fir Iech am adequaatsten hëllefen ze kënnen. Mir formuléieren Äert Zil mat Ärem Hond an ech ginn Iech alt déi éischt Tuyaue mat op de Wee. Dëst geschitt op engem klenge Spadséiergang am alldeegleche Liewen* oder bei mir an der Praxis. (Bei Hënn > 6 Méint net doheem méiglech.)

 

An de folgenden Eenzelcoachings schaffen mir un individuellen Themen, déi et Iech erméiglechen, Äert gesaten Zil mat Ärem Hond ze erreechen. Dëst ka sinn, datt ech Iech d'Hondssprooch (Kierpersprooch an Ausdrocksverhalen) méi no bréngen, ech Är Handlungsfäegkeet erhéijen, ech Iech schoulen Är eege Kierpersprooch als Kommunikatiounsmëttel ugepasst ze benotzen, etc. a natierlech, ech Iech Praktiken erklären, wéi Dir Ären Hond erzéien an him Saachen, wéi Orientéierung, Selbstregulatioun, Leineführegkeet, Réckruff, etc. vermëttele kënnt. Folgeterminer fannen am alldeegleche Liewe statt oder kënnen och bei Iech doheem oder op enger vun Iech gewënschtener Plaz gemaach ginn.*

* Basispräis Eenzelcoaching: 100 €; Frais de Route (Pauschalen: < 20 km: 0 €; < 40 km: 15 €; > 40 km: 25 €; > 60 km: 40 €; Doheem beim Client: 40 €)

 

Buchung

All Buchungen fir Eenzelcoachings (oder Éischtgespréicher) gi wgl. iwwert dës Buchungssäit gemaach: 

https://buchung.dogtask.net/kundenbereich/

 

Huelt awer wgl. virun Ärer éischter Buchung mat mir Kontakt op.

An engem kuerze Message kënnt Dir mir Är Situatioun schilderen. Merci