Method

Ech hu net déi eng Method, déi ech all Mënsch-Hond-Team iwwerstülpen an dann hoffen, datt dat scho funktionéiert. An der Hondserzéiung gëtt et och keng Patentrezepter a schnell (Wonner)Resultater. 

 

Erzéiung ass net d'Erléieren vu Kommandoen. Erzéiung heescht virun allem Bezéiung, kloer Reegelen, geziilt Grenzen ze setzen fir Fräiheete loossen ze kënnen. Ouni eng gutt Bezéiung an eng sécher Bindung geet et net. Eng sécher Bindung déi duerch Vertrauen, Souveränitéit, kloer Reegelen a géigesäitege Respekt gepräägt ass. 

 

Och de geziilten Asaz vun der eegener Kierpersprooch an d'Erléieren vun der "Hondssprooch" ass wichteg. Et geet bei der Erzéiung vum Hond, änlech wéi beim Mënsch, ëm e soziaalt Léieren: D'Ausbauen vu soziale Kompetenzen fir an der haiteger Welt "funktionéieren" ze kënnen. Also vill méi, wéi Sitz, Platz a Fuß, wat dat formaalt Léieren ass a mat Erzéiung näischt ze dinn, awer sécherlech seng Berechtegung huet - awer net fir Problemer ze léisen oder den Hond just op e "Befehlsempfänger" ze reduzéieren. 

 

Den intuitiven Ëmgang mam Hond ass wichteg. De Begrëff Autoritativ Erzéiung erkläert et ganz gutt: 

"Kontrollierend mit klaren Regeln, beinhaltet aber Zuneigung, Empathie und Toleranz für die Bedürfnisse der Gemeinschaft." D.h. sou konkret wéi néideg a sou fair wéi méiglech.