Berodung

Ech hëllefen Eech e bessert Verständnis zwëschen Eech an Ärem Hond opzebauen an bidden Eech Ënnerstëtzung fir en harmonescht a fairt Mateneen z'erreechen. D'Berodung bezitt sech haaptsächlech op Eech als Mënsch: Muppen spigelen eis gären an hire Reaktiounen, sou bewierkt ee nëmmen eng Verännerung beim Hond, wann een och eppes bei sech verännert. Sou huelen ech jiddereen do of, wou e steet a wat en am Stand ass ëmzesetzen, a versiche sou all Mënsch a Bezuch op säin Hond ze fërderen, awer och ze fuerderen a sou ze stäerken. Ech bidden eng ganzheetlech Berodung un. 

 

Am Éischtgespréich (ca. 60 bis 90 Minutten) beschwätze mir Är momentan Situatioun mat Ärem Hond an ech beäntweren Eech Är éischt Froen. Ech kucken mer natierlech och Ären Hond un a beobachten Eech am Ëmgang mat him. Ech stellen Eech Froen zum Dagesoflaf, zu der Ernierung, Beschäftegung an deem villäicht schon absolvéierten Training. Sou kréien ech déi néideg Informatiounen fir Eech am adequaatsten hëllefen ze kënnen. Mir formuléieren Äert Zil mat Ärem Hond an ech ginn Eech alt déi éischt Tuyaue mat op de Wee. Dëst geschitt, wa net grad bei Eech doheem, op engem klenge Spadséiergang am alldeegleche Liewen.* D'Éischtgespréich gëtt sur place bezuelt - cash/Payconiq. Dono gëtt all Berodung am Viraus iwwerwisen/payconiqt, resp. spéitstens den Dag selwer bezuelt (cash/Payconiq).

Bei Ofsoen vu manner wéi 24 Stonnen am Viraus gëtt de Rdv voll berechent. 

 

An der folgender/en Eenzelberodung/en (ca. 60 Minutten) schaffen mir un individuellen Themen, déi et Eech erméiglechen, Äert gesaten Zil mat Ärem Hond ze erreechen. Dëst ka sinn, datt ech Eech d'Hondssprooch (Kierpersprooch an Ausdrocksverhalen) méi no bréngen, ech Är Handlungsfäegkeet erhéijen, ech Eech schoulen Är eege Kierpersprooch ugepasst ze benotzen, etc. a natierlech, ech Eech Praktiken erklären, wéi Dir Ären Hond erzéien an him Saachen, wéi Orientéierung, Leineführegkeet, Réckruff, etc. vermëttele kënnt. 

 

Präis: 

Éischtgespréich/Eenzelberodung*: 80 € 

 

En Éischtgespréich dauert ca. 60 bis 90 Minutten.

Eng Eenzelberodung dauert ca. 60 Minutten.

 

Participatioun op eege Gefor. 

 

Rdver si méiglech no Ofsprooch tëschent 15:00 a 20:00 Auer.

 

* zu Chrëschtnech, Colmar-Bierg, Consdorf, Dikrech, Echternach, Ettelbréck, Miersch, Gréiwemaacher, Jonglënster, Scheedgen oder Walfer, Fir all weider Uertschaften kommen Frais de route an Héicht vun 0,50€/km derbäi - ab Chrëschtnech gerechent. 

Peripherie ouni zousätzlech Frais de route