Gruppecoursen

 

D'Gruppecoursen fannen ëmmer Samsdes Moies statt an op festgeluechte Rdvër (an der Reegel all 14 Deeg). De Cours gëtt a Bléck zu 4 bis 6 Rdvër organiséiert. 

 

Am Géigesaz zu villen Hondsschoulen, fanne meng Coursen (och Eenzelstonnen) am alldeegleche Liewe statt, d.h. am Bësch, an engem Park, um Feld, an enger Foussgängerzon, beim Waasser, ënner Leit/Hënn/Geräischer... Nëmme sou kann een en Hond op allméiglech Situatiounen, déi engem am Alldag iwwert d'Féiss falen, och adequat virbereeden. 

 

OPGEPASST!!

Gruppecoursen fannen ab September 2024 just nach als Workshop a bei mind. 3 Umeldungen pro Thema statt. En Datum gëtt no Agang vu 3 Umeldungen fir een Thema réischt zesumme festgeluecht. 

 

Bis dohin:

Präis: 6 Seancen fir 180 €*

.        5 Seancen fir 150 € *

.        4 Seancen fir 120 € *

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen) 

Welpecours

Alter: ca. 8 bis ca. 18 Wochen

Besonneg an der Welpenzäit ass et wichteg, engem Hond déi néideg Kompetenzen, wéi Selbstregulatioun, Impulskontroll, Gedold... mat op de Wee ze ginn. Awer och Themen, wéi d'Sozialisatioun mat Glaichaltregen, oder Ënnergrënn, Plazen, Geräischer, Mënschen an aneren Déieren si wichteg. Da ginn och nach kleng Übungen fir d'Leinefürung, Réckruff, etc. ëmgesat. Dëst kann een alles wonnerbar an enger klenger Grupp zesummen mat anere Welpebesëtzer. 

 

Dofir gi net méi wéi 4 Muppen ugeholl. All Rasse si wëllkomm. 

Opgepasst! D'Muppe solle beim Start vum Cours net méi wéi 10 Wochen al sinn, fir datt den Alters-, Gréissten- a Gewiichtsënnerscheed net schon vun Ufank un ze grouss ass. 

Eenzeltraining parallel zum Cours mécht hei absolut Sënn. 

Präiss: 150 € fir 5 festgeluechte Rdver

Umeldungen: 1 vu 4 (ab Mëtt Juli) 

Wéini? Um 09:00 Auer

 

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)


Junghundecours

Alter: ca. 5 bis ca. 18 Méint

Ab dem Alter vun ca. 5 Méint fänkt - je no Rass -  d'Adoleszenz (gären och Pubertéit genannt) un. Den Hond test gären déi etabléiert Reeglen an et huet een d'Gefill, den Hond wisst guer näischt méi. (Spoiler: Dat ass awer net esou!) Grad an där Zäit huet een als Hondbesëtzer vill Froen, brauch Ënnerstëtzung a mierkt an der Grupp, datt déi aner Leit genee déi selwescht Froen a "Problemer" hunn. D'Pubertéit ass trotz allen Hürden awer eng wonnerbar Zäit sou richteg mat sengem Hond zesummen ze wuesen. An dësem Cours geet et genau dorëms, a nach vill méi. 

Et gi net méi wéi 6 Muppen pro Grupp ugeholl. All Rasse si wëllkomm.

Eenzeltraining parallel zum Cours mécht hei absolut Sënn. 

Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdvër (Sa. 29.06.; Sa. 13.07.; Sa. 27.07.; Sa. 10.08.2024*)

Umeldungen: 3 vu 6 fräie Plazen - Umeldungen kënne lo nach eragoen! 

Wéini? Um 10:00 Auer**

  

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)

** Ännerunge virbehalen


Alldagscours

Alter: ab ca. 18 Méint oder spéider

Am Alldagscours, wéi de Numm et scho seet, geet et drëms déi Social Skills, déi d'Teams bis dohinner geléiert hunn, a méi schwiregen Alldagssituatiounen ze üben an auszebauen.

Et gi net méi wéi 6 Muppen pro Grupp ugeholl. All Rasse si wëllkomm. 

Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdvër (Sa. 29.06.; Sa. 13.07.; Sa. 27.07.; Sa. 10.08.2024*)

Umeldungen: 3 vu 6 fräie Plazen - Umeldungen kënne lo nach eragoen! 

Wéini? Um 11:30 Auer**

 

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)

** Ännerunge virbehalen

 


Umeldung

Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.