Mäi Gruppenangebot gëtt an onreegelméissegen Ofstänn a Workshops organiséiert.
Dës Workshops fanne Samschdes statt an et gi mind. 3 a max. 6 Teams pro Thema ugeholl.
Theme konzentréieren sech op Erzéiung, Gehorsam an Auslaaschtung.
Deelhuelen kënnen all Hënn ab mind. 6 Méint (wéinst der Dauer).
Umeldungen wgl. iwwert de Formulaire ënnen op der Säit.
Umeldungen si verbindlech a musse mind. zwou Wochen virum Workshop stornéiert, resp. eng Ersatzpersoun ka gestallt ginn, soss gëtt de Workshop a voller Héicht verrechent.
Präis: 80 € (3 Stonnen)
60 € (2 Stonnen)
D'Dauer entscheed sech opgrond vun den Umeldungen*:
Bei 4-6 Umeldungen = 3 Stonnen
Bei 3 Umeldungen = 2 Stonnen
Ënner 3 Umeldungen fënnt de Workshop net statt!
Participatioun op eege Gefor.
* Ännerungen virbehalen.
dogtask Good Citizen Dog
dogtask Good Citizen Dog ass genee dee richtege Workshop fir Teams, déi sech a méi schwieregen Alldagssituatiounen, wéi Foussgängerzonen, Lift/Tram/Bus fueren, Akafszentren, etc. übe wëllen. Hei beschwätze mir wourop een oppasse muss (z.B. fir Iwwerfuerderung, negative Stress ze vermeiden), übe Leineführegkeet mat héijer Oflenkung an feilen un enger gewëssener Ëmweltneutralitéit.
Datum: 11.02.2023 14:00 Auer (bis 17:00 Auer; inklusiv klenge Pausen)
Viraussetzung: relativ gudd Leineführegkeet
Verfügbarkeet: 5 Plazen
Umeldschluss: 28.01.2023
Rallye Obedience 1.1
Rallye Obedience ass eng Hondsportaart, an däer et ëm Gehorsam, Schnellegkeet a Spaass geet. Am Rallye Obedience (RO) absolvéiert een ee Parcours zesummen mam Hond, aus Aufgaben vu Sitz/Platz/Steh/Slalom a villes méi. Zil ass et, dëse Parcours feelerfräi a sou séier wéi méiglech ze duerchlafen. Spaass steet awer ëmmer un éischter Stell.
Datum: 01.04.2023 14:00 (bis 17:00 Auer; inklusiv klenge Pausen)
Viraussetzung: Sitz & Platz sollte bekannt sinn; och fir Einsteiger
Verfügbarkeet: 6 Plazen
Umeldschluss: 18.03.2023
Hondsbegéinungstraining
Vill Hënn di sech schwéier laanscht aner Hënn ze goen: Et gëtt gerappt, gebillt, geroosst... An dësem Workshop beschwätze mir déi ënnerschiddlech Motivatiounen beim Hond, schaffe mir un der Plangfäegkeet vum Mënsch, un der Rou bei Mënsch an Hond an u Léisungen, wéi een Hondsbegéinungen méi relax meeschtere kann.
Datum: 08.04.2023 14:00 (bis 17:00 Auer; inklusiv klenge Pausen)
Viraussetzung: ABC vun der Leineführegkeet sollt bekannt sinn
Verfügbarkeet: 4 Plazen
Umeldschluss: 25.03.2023
Weider Themen demnächst:
- 29.04.: Dummy: Mantrailing... Wat??? (nëmme 4 Teams)
- 27.05.: Dummy: Rallye Obedience 1.2