MANTRAILING

Säit ca. 10 Joer bidden ech Mantrailing als Auslaaschtungs- a Beschäftegungsméiglechkeet fir Hënn un. 

Mantrailing ass eng wonnerbar Beschäftegung fir all Hond - ob grouss oder kleng, jonk oder al - all Hond kann onofhängeg vun Alter oder Aktivitéitslevel Mantrailing als Team-Work mat sengem Mënsch maachen. 

De Mantrailing bei mir ass "Just for Fun", d.h. et soll Spaass maachen. 

Mee wat ass Mantrailing dann iwwerhaapt? 

Mantrailing ass eng Persounensich:

Den Hond léiert der Versteckpersoun (anere Client) hiren individuelle Geroch vun all aner Geroch an der Emgéigend ze isoléieren fir sou de Wee vun der Versteckpersoun no kënnen ze goen, fir um Enn d'Persoun och ze fannen an hei grouss belount ze ginn. 

 

De Mantrailing fënnt all 2. a 4. Donneschdeg am Mount statt. *

Wanterzäit: ab 16:00 Auer

Summerzäit: ab 18:00 Auer

Pro Rdv froen ech 25 €. 

 

* Ännerunge méiglech. 

Participatioun op eege Gefor. 

Ech sinn interesséiert

Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.