SCHOULHOND Lëtzebuerg

Déieregestëtzte Pedagogik ass eng Ënnerstëtzung vun der pedagogescher Aarbecht duerch Déieren. Duerch konkret kandorientéiert Zilvirgaben gi Léierprozesser initiéiert, duerch déi schwéierpunktméisseg emotional a sozial Kompetenzen vum Kand verbessert ginn.


Hondgestëtzte Pedagogik setzt eng Ausbildung mat Ofschloss vum Hondsführer viraus, mat Abezéiung vum Hond, dee fir des Aufgab speziell trainéiert gouf.

Déi nächst Formatioun ass fir ...  geplangt. Aschreiwungen an Eegnugstester sinn am ....

 

 

D'Schoulhondäusbildung besteet aus ... Moduler mat uschléissender Prüfung 

Modul 1 - Den Hond
- Theorie: Kommunikatioun an Ausdrocksverhalen
- Praxis: Ausdrocksverhalen tëschent Hond an Hond a tëschent Mënsch an Hond beobachten an analyséieren.

Modul 2 - Léiereverhalen vum Hond I
- Theorie: operant a klassesch Konditionéierung, Ënnerscheed Erzéiung a Gehorsam
- Praxis: praktesch Übungen zu deene verschiddenen Erzéiungs- oder Dressurméiglechkeeten.

Modul 3 - Léiereverhalen vum Hond II
- Theorie: Bedierfnesser vum Hond, Belounung, Klickertraining
- Praxis: Klickertraining (Opbau an Asaz), Übungsopbau (shaping) vun Übungen, déi an der Schoul kënnen agesat ginn.

Modul 4 - De Schoulhond
- Theorie: Viraussetzungen fir den Hond an der Schoul anzesetzen, Hygiène an Zoonosen (Vétérinaire), Kanner mat "besoins spécifiques"
- Praxis: Aféierung vum Hond an der Klass (Preparatiounen, Reegelen...), Preparatioun vun de Kanner op de Schoulhond.

Modul 5 - De Schoulhond
- Theorie: praktesch Übungen ausschaffen am Grupp, Uleedungen fir d'Ausschaffen vum eegenen Konzept
- Praxis: Übungen am Grupp ëmsetzen.

Modul 6 - Evaluatioun
- Analys vun den Videoopnamen aus der Klass/Schoul
- Rattrapage (optional)

 

Referentinnen: 

Ferny Herkes: Enseignante (en retraite) am Enseignement fondamental


Sarah Neu: Hondstrainerin & Beroder Mënsch-Hond

Michelle Brendel: Psychologue


Aoife Rötzel: Dr. med. vet., Veterinaire