2024

2024 wäert ech mäi Programm fir d'Gruppecoursen anescht organiséieren: 

 

Ee Welpecours gëtt just zweemol am Joer ausgeschriwwen, eemol am Fréijoer an eemol am Summer. Ugeholl gi Welpen am Alter vun 8 bis 10 Wochen.

Hunn dës Welpen ca. 16-18 Wochen, sinn also da keng Welpe méi, rutschen si erop an de Junghundecours.

(Zu där Zäit fänkt dann dee neie Welpecours un.) Dee leeft dann bis zu engem Alter vun ca. 18 Méint.

 

Dono besteet d'Méiglechkeet sech am Alldagscours weider ze forméieren a wann ee wëll, kann een hei als Ofschloss dogtask Good Citizen Dog Prüfung (reng "intern") ofleeën. Dann huet den Hond ca. 24 Méint.

 

D.h. ech bidden eng Begleedung vum Welpen bis zum erwuessenen Hond un, fir eech an ären Hond ideal op ee Liewen an der heiteger Gesellschaft virzebereeden. 

 

Et ass och just fir déi eng Plaz a menge Gruppecourse virgesinn, déi als Welpen a menge Course starten, resp. och just déi Hënn, déi déi ganz Coursen duerchlafen hunn, kënnen un der Prüfung deelhuelen*

 

Maacht Eech also bei, wann dir wësst, datt dir d'nächst Joer e Welpe kritt.

D'Plazen sinn op 6 Hënn pro Cours begrenzt. 

D'Coursen wäerten all zweete Samschdeg Moie sinn. 

Package ginn ausgeschafft! 

Weider Informatiounen kommen deemnächst nach no. 

 

Eenzelberodungen parallel zum Gruppecours si wéi ëmmer vu Virdeel. 

 

 

* Clienten, déi an deene Joren virdrunn de Welpen- an de Junghundecours bei mir duerchlafen hunn kënne sech mellen, wa si Interessi hunn, d'Prüfung ze maachen. Ech giff dann een Nohuelgrupp lancéieren. 

Fir verhalensopfälleg Hënn bidden ech ausschliisslech Eenzelberodungen un.