"Mens sana in corpore sano" - e gesonde Geescht an engem gesonde Kierper - dat war an ass meng Philosophie.
Kierper a Geescht si net ze trennen, wann et ëm Verhalen geet. Alles huet Auswierkungen op den Hond, souwuel mental, mee eben och kierperlech.
De Mënsch huet e ganz groussen Afloss op d'Wuelbefanne vu sengem Hond. Onsécherheeten, Stress, etc. beim Mënsch weise sech kloer am Verhale vum Hond. Sou ass et meng Aufgab de Mënsch am Ëmgang mat sengem Hond ze ënnerstëtzen an awer och ze fërderen.
Wéi seet ee sou schéin? "De Mënsch mécht den Hond,"
D'Kombinatioun vum "Mënsche-Coaching" a vun der Behandlung vu souwuel Verhalens-, wéi och Kierperleche Problemer beim Hond erméiglecht et mir, béide Parteien op hirem Wee fir en harmonescht Zesummeliewen ze hëllefen.
Maacht elo Äre Rdv!