Theme konzentréieren sech op Erzéiung, Formalismus (Gehorsam) an Auslaaschtung.
Deelhuelen kënnen all Hënn an all Rassen. Mindestalter si 6 Méint.
Fir d'Workshops gi mind. 3 a max. 6 Teams pro Thema ugeholl, vereenzelt souguer just 4 Teams.
Präis:
Workshop: 90 € (3 Stonnen) - cash oder Payconiq
Ëmmer samsdes nomëttes; ab Hierscht 2025
Umeldungen wgl. iwwert de Formulaire ënnen op der Säit.
Citytraining
Fir datt däin Hond op all Situatiounen, déi engem am Liewen sou ënnerkomme kënne virbereed ass, mécht et Sënn och mol ënnert staarken Oflenkungen déi eng Stad sou bidd, verschidden Übungen, wéi Leinefüregkeet, Impulskontroll, etc. ze trainéieren. Awer och Herausfuerderungen, wéi eng Akafstrooss, e Lift huelen, mam Bus/Tram fueren, etc. wëllen geübt sinn.
Viraussetzung: Basis Leinefüregkeet
Umeldungen: 0/4
Datum: Oktober 2025
Leinefüregkeet 2.0
Wéi bei allem, ass et och bei der Leinefüregkeet wichteg, d'Ufuerderungen. resp. d'Oflenkungen un den Hond ze steigeren. Nodeems du an däin Hond d'Leinefüregkeet an einfachen an iwwerschaubare Kontexter geüübt hutt, geet et an dësem Ws drëm Oflenkungen unzegoen.
Viraussetzung: Basis Leinefüregkeet
Umeldungen: 0/6
Datum:
Réckruff 2.0 - mat an ouni Päiff & steigender Oflenkung
Ass d'Grondbasis fir e verbindleche Réckruff geluecht, muss d'Oflenkung lues a lues gesteigert ginn, fir datt den Hond och bei méi schwirege Situatiounen weess wéi e reagéiere muss, wann e geruff gëtt...
Umeldungen: 0/6
Viraussetzung: Basis Réckruff
Datum:
Hondsbegéinungen un der Léngt relax meeschteren
Hondsbegéinungen op sengem Spadséiergang: E leidegt Thema. Däin Hond zitt, rappt, billt oder pöbelt? Däin Hond wëll Moie-Soe goen oder Spillen? Du packs däin Hond net méi, wann een aneren Hond vu wäitem optaucht? Dann ass dëse Workshop fir dech an däin Hond.
Viraussetzung: gutt Leinefüregkeet
Umeldungen: 0/6
Datum:
Formalismus I (Gehorsam)
Fir verschidde Situatiounen oder Hondssportaarten muss een op de Formalismus zeréckgräifen: Kommandoe wéi Sitz, Platz, Steh, Stop, Aus, etc. wëlle propper opgebaut sinn, fir datt se am Eeschtfall och zouverlässeg fonctionéieren. De Formalismus ass och eng wonnerbar Kappaarbecht an domat Auslaaschtung.
Umeldungen: 0/6
Datum:
Formalismus II (Gehorsam & Distanzaarbecht)
Kommandoe wéi Sitz, Platz, Steh, Stop, Aus, etc. solle nom propperen Opbau och an der Distanz trainéiert ginn, fir se sou weider ze festegen a se sou spéider och zouverlässeg op Distanz fonctionéieren.
Viraussetzung: Formalismus I
Umeldungen: 0/6
Datum:
Foussaarbecht "Retriever-Style"
Foussaarbecht ass e wichtegt Element am Dummy- oder am Begleithundetraining. Grad am Dummy ass et awer wichteg, datt däin Hond léiert sech no vir ze fokusséieren a net erop bei dech ze kucken (wat iwwregens och immens schlecht fir d'Haltung ass). An dësem Workshop weisen ech dir wéi, a wéi een et erreecht, datt d'Foussaarbecht spéider wéi op Autopilot fonctionéiert.
Viraussetzung: keng
Umeldungen: 0/6
Datum:
Nuesenaarbecht
Falls du mol eng Kéier net esou vill Zäit hues fir mam Hond e groussen Tour ze goen, oder et dofir ze waarm ass, an däin Hond awer eng Auslaaschtung braucht, ass Nuesenaarbecht genee dat Richtegt. Ech weisen dir an dësem Workshop, wéi's du ouni oder mat klengem Material flott Nuesespiller ënnerwee oder och doheem maache kanns, fir dengem Hond säi Bedürfnis no Schnoffelen ze befriddegen an e sou op eng aartgerecht Weis midd a glécklech ze maachen.
Viraussetzung: keng
Umeldungen: 0/6
Datum: