Grad an der Welpenzäit (bis ca. déi 20. Woch), resp. och an der Junghundephase, ass et immens wichteg, Ärem Hond déi néideg Erzéiung zoukommen ze loossen - individuell u Perséinlechkeet, Rass a Bedürfnisser ugepasst.
Eng gutt Basis u Gronderzéiung, wat net "Sitz" oder "Platz", etc. ass, ass immens wichteg, fir Ärem Hond spéider en aartgerecht, harmonescht a fairt Liewen ze erméiglechen.
Welpebesëtzer kënne, nom Éischtgespréich, a weideren Eenzelcoachings un Themen, wéi Sozialisatioun, Beisshemmung, Eleng-bleiwen, Reegelen opsetzen, Grenze setzen, Frustratiounstoleranz steigeren, awer och un der Orientéierung, Leineführegkeet, Réckruff, Waarde kënnen, Selbstregulatioun & Impulskontroll, etc. mat hirem Welpe weiderschaffen.
Sitz, Platz & Co. spille just eng ënnergeuerdent Roll a menge Welpecoachings.
Dës Eenzelcoachings fannen entweder bei Iech doheem, bei mir an der/ronderëm d'Praxis zu Chrëschtnech oder am alldeegleche Liewen dobaussen statt. Sou kënne mir d'Oflenkungen an d'Schwieregkeeten lues a lues steigeren.
Präisser 2025/2026
Éischtgespréich am alldeegleche Liewen op vu mir festgeluechte Plazen am Osten/Zentrum
60 Min.: 110 €
Éischtgespréich zu Chrëschtnech
60 Min.: 90 €
Eenzelcoaching am alldeegleche Liewen op vu mir festgeluechte Plazen am Osten/Zentrum
45 Min.: 80 €
60 Min.: 110 €
Eenzelcoaching zu Chrëschtnech
45 Min.: 70 €
60 Min.: 90 €
Eenzelcoaching bei Iech doheem oder op enger vun Iech gewënschtener Plaz
90 Min.: 180 €
NEI! Abonnementer **
5 x Eenzelcoaching à 45 Min. "dobäussen"
315 €
5 x Eenzelcoaching à 60 Min. "dobäussen"
495 €
** Gültegkeet 3 Méint
NEI! Online
Gespréich iwwer Zoom, e.a. fir Froen ze beäntweren, etc. (Net als Éischtgespréich méiglech)
45 Min.: 60 €
D'Éischtgespréich gëtt sur place bezuelt - cash/Payconiq.
Dono gëtt all Eenzelcoaching am Viraus iwwerwisen/payconiqt, resp. spéitstens den Dag selwer bezuelt (cash/Payconiq). Abonnementer ginn am Viraus iwwerwisen, wgl.
Bei Ofsoen vu manner wéi 24 Stonnen am Viraus gëtt de Rdv voll berechent.
Participatioun op eege Gefor.
* bei > 50 km ee Wee, gi Frais de route (hin an zeréck) an Héicht vun 0,50 €/km ab Chrëschtnech. derbäigerechent.
An de Präisser sinn all Abgaben akalkuléiert.