E Social Walk ass e geleete Spadséiergang mat anere Mënschen an hiren Hënn.
Ech differenzéieren tëschent Social Walk & Social Walk Plus:
Am Social Walk bleiwen d'Muppen un der Léngt an et geet méi drëms, datt jiddereen d'Geleeënheet kritt, säin Hond ze beobachten, aschätzen a féieren ze léieren. Dës Social Walk si fir all Hënn ab dem Alter vu 6 Méint geduecht. Sozialkompetenzen déi hei gefërdert ginn, sinn Impulskontroll, Frustratiounstoleranz, Leinefürung, Vertrauen ...
Am Social Walk Plus kënnen d'Muppen och situativ vun der Léngt gelooss ginn, fir mat deenen aneren Hënn ze kommunizéieren (an ze spillen). Sozialkompetenzen déi hei gefërdert ginn, sinn eng adequat Hondssprooch erléieren, Selbstwirksamkeet, Selbstvertrauen, Impulskontroll, Frustratiounstoleranz, Vertrauen a säi Mënsch, Beobachtungsgab vum Mënsch, richtegt Reagéieren vum Mënsch...
Pro Walk gi 6 Muppen ugeholl.
Am Social Walk sinn och verhalenskreativ Hënn wëllkomm. Maulkuerf optional, je no Thema.
De Social Walk Plus gëtt an Altersklassen, resp. Gréisst agedeelt.*
Prinzipiell kënnen hei och verhalenskreativ Hënn matgoen. D'Droe vun engem Maulkuerf ass da Pflicht.
*Ausname méiglech, bei klenge Rassen, z.B.
Präis
Social Walk: 20 €/1h
An de Präisser sinn all Abgaben akalkuléiert.