Gruppecoursen

D'Gruppecoursen fannen ëmmer Samsdes nomëttes statt an op festgeluechte Rdvër.

D'Coursen fannen am alldeegleche Liewe statt, d.h. am Bësch, an engem Park, um Feld, an enger Foussgängerzon, etc. Sou kann een en Hond op allméiglech Situatiounen, déi engem am Alldag iwwert d'Féiss falen, och adequat virbereeden. 

Et gi max. 6 Hënn pro Cours ugeholl.

All Rassen a Mixen si wëllkomm. 

E Cours fënnt bei mind. 4 Umeldungen pro Cours statt. D.h. awer och, datt bei manner wéi 4 Umeldungen de Start vum Cours no hanne geréckelt gëtt bis genuch Umeldungen erakomm sinn. 

Umeldungen sollen idealerweis mind. 3 Wochen virum Start vum Cours eragoen. 

 

Präis: 

1 Séance (eenzel bezuelt): 35 €

Aner Bezuel-Optiounen komme nach no. 

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen.)

 

D'Gruppecourse gi vu März bis Oktober organiséiert. Iwwert de Wanter gi se duerch Workshops ersat. 

 


Gruppecoursen 2026

Ab dem 11. Abrëll 2026 gi rëm e Welpecours (Social Skills), e Junghundecours (Life Skills I) an e Cours fir erwuessen Hënn (Life Skills II) organiséiert. 

 

De Social Skills ass fir Hënn tëschent ca. 10 an ca. 20 Wochen. 

 

De Life Skills I ass fir Hënn tëschent ca. 6 an ca. 18 Méint. 

Viraussetzung: Social Skills I oder Eenzelstonnen, etc. bei mir 

 

De Life Skills II ass fir Hënn ab ca. 18 Méint. 

Viraussetzung: Life Skills I oder Eenzelstonnen, etc. bei mir 

 

Social Skills: 15:00 Auer

Life Skills I: 16:00 Auer 

Life Skills II: 17:00 Auer 

Ëmmer samsdes

 

D'Course lafen ëmmer iwwer 8 Wochen a kënne beliebeg widderholl ginn, sou laang den Hond nach an déi Altersspann passt. 

Weider Informatiounen kommen an deenen nächste Wochen. 

 

Kriss du demnächst oder Ufank 2026 e neien Hond? Bass du interesséiert? Da sécher dir lo schon deng Plaz!


Umeldung

Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.