Workshops

D'Workshops ersetzen d'Gruppecoursen.

Theme konzentréieren sech op Erzéiung, Formalismus (Gehorsam) an Auslaaschtung (Dummy, etc.).

Deelhuelen kënnen all Hënn an all Rassen.

!! Fir datt d'Workshops awer optimal oflafe kënnen, ass en Éischtgespréich virum Workshop Pflicht, falls ech d'Mënsch-Hond-Team nach net kennen. Sou kann ech nach individuell Rotschléi mat op de Wee ginn. 

 

Fir d'Workshops gi mind. 3 a max. 6 Teams pro Thema ugeholl.

!! Ab mind. 3 Umeldungen leeë mir zesummen en Datum fest (iwwert eng App).

 

Präis:

Workshop: 60 € (2 Stonnen) - cash oder Payconiq

Bezuelt wgl. eréischt, wa mir en Datum confirméiert hunn! 

 

Umeldungen wgl. iwwert de Formulaire ënnen op der Säit. 


Themen

Kierpersprooch & Ausdrocksverhalen Hond

Säin eegenen Hond liesen ze kënnen ass d'Basis vun engem harmoneschen a fairen Zesummeliewen vu Mënsch an Hond. Just wann e Mënsch sengem Hond seng Kommunikatioun richteg interpretéiert an adequat reagéiert, kënnen alldeeglech Situatiounen geléist ginn. An dësen Ws beobachte mir eis Hënn an analyséieren hir Kierpersprooch a verschiddene Kontexter.

Viraussetzung: Éischtgespréich

Umeldungen: 1/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Welpen I

Welpen I ass fir Hënn tëschent 8 an 12 Wochen geduecht. 

An dësen Ws beschwätze mir wichteg an altersrelevant Themen, maache kleng Übungen fir d'Orientéierung um Mënsch, Basis Leinefüregkeet a Réckruff, awer och d'Sozialisatioun mat gläichaltregen an d'Koordinatiounsübungen fir déi kleng Beenercher komme net ze kuerz. 

Viraussetzung: Éischtgespréich

Umeldungen: 0/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Welpen II

Welpen II ass fir Hënn tëschent 12 a 20 Wochen geduecht. 

An dësem Ws beschwätze mir wichteg an altersrelevant Themen, maache weiderféierent Übungen fir d'Orientéierung um Mënsch, Leinefüregkeet, Réckruff an Impulskontroll, awer och d'Sozialisatioun mat gläichaltregen an d'Koordinatiounsübungen fir déi kleng Beenercher komme net ze kuerz. 

Viraussetzung: Éischtgespréich

Umeldungen: 0/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Frustratiounstoleranz & Impulskontroll

En Hond mat enger gudder Frustratiounstoleranz geet méi zefridden duercht Liewen, eng gutt Impulskontroll heescht, däin Hond spréngt net allem, wat sech beweegt hannendrunn a kann och mol relax bleiwen an opreegenden Situatiounen. Wéi's du dengem Hond dat alles bäibrénge kanns, gëss de an dësem Workshop gewuer. 

Viraussetzung: Éischtgespréich

Umeldungen: 2/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Leinefüregkeet I

En Hond ze hunn, dee sech u mir orientéiert an un lockerer Léngt geet ass eng fein Saach. An dësem Workshop ginn ech eech eng speziell Technik (mat ënnerschiddlech Varianten) mat op de Wee fir dëst Zil z'erreechen, Varianten op eech an ären Hond ofgestëmmt.

Eng gutt Leinefüregkeet ass och d'Basis fir villes, e.a. Orientéierung ouni Léngt, einfach Hondsbegéinungen un der Léngt, e séchere Fräilaf, etc. 

Viraussetzung: Éischtgespréich

Umeldungen: 3/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Leinefüregkeet II

Wéi bei allem, ass et och bei der Leinefüregkeet wichteg, d'Ufuerderungen. resp. d'Oflenkungen un den Hond ze steigeren. Nodeems du an däin Hond d'Leinefüregkeet an einfachen an iwwerschaubare Kontexter geüübt hutt, geet et an dësem Ws drëm Oflenkungen unzegoen. 

Viraussetzung: Leinefüregkeet I

Umeldungen: 0/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

  

"Freifolge" & Fräilaf

Fir e konzentréierten an opmierksame Fräilaf ass et fir d'éischt wichteg, datt däin Hond léiert un dir drun ze bleiwen, ouni Léngt. Dëst nennen ech "Freifolge". Huet däin Hond dëst verstan, kann een iwwert de Fräilaf nodenken. Och hei ass et awer wichteg, datt däin Hond fokusséiert bleiwt an dech net aus senge Gedanke verléiert...

Viraussetzung: Éischtgespréich & eng gutt Leinefüregkeet mécht d'Saach op jidderfall vill méi einfach ;) 

Umeldungen: 1/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Réckruff I - mat an ouni Päiff

De Réckruff, also Kommen op Kommando/Päiff, och bei grousser Oflenkung, ass immens wichteg. Sou wichteg dee Kommando ass, sou vill Schwiregkeeten kënnen beim Trainéieren vum Kommando optrieden. An dësem Workshop erklären ech dir déi néideg Schrëtt fir en zouverlässegen a verbindleche Réckruff opzebauen.  

Viraussetzung: Éischtgespréich  & eng gutt Leinefüregkeet an e konzentréiert Drubleiwen am Fräilaf sinn immens hëllefräich

Umeldungen: 1/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Réckruff II - mat an ouni Päiff & steigender Oflenkung

Ass d'Grondbasis fir e verbindleche Réckruff geluecht, muss d'Oflenkung lues a lues gesteigert ginn, fir datt den Hond och bei méi schwirege Situatiounen weess wéi e reagéiere muss, wann e geruff gëtt... 

Viraussetzung: Réckruff I

Umeldungen: 1/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Angschthënn

Angschthënn, resp, Hënn mat Onsécherheeten, brauchen eng aner Ënnerstëtzung fir an eiser Gesellschaft zu wee ze kommen. An dësem Ws beschwätze mir wichteg Themen a léieren d'Kierpersprooch vun eisem Hond ze liesen. Mir maachen Übunge fir d'Vertrauen tëschent Mënsch an Hond ze stäerken, d'Reaktiounsfäegkeet vum Mënsch z'erhéijen an d'Orientéierung vum Hond um Mënsch ze fërderen.

Viraussetzung: Éischtgespréich

Umeldungen: 0/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Aggressiounsverhalen

Aggressiounsverhalen bei Hënn ass an éischter Linn Kommunikatiounsverhalen. An eiser Gesellschaft ass aggressivt Verhalen awer net erwënscht a sou gëtt den Hond oft mëssverstan an och net adequat a sou Situatiounen gehandelt. An dësem Ws léiere mir d'Kierpersprooch vum Aggressiounsverhalen kennen, erhéijen d'Handlungsfäegkeet vum Mënsch a léieren eisen Hond "produktiv" an ënnerstëtzend ze korrigéieren. 

Viraussetzung: Éischtgespréich  & Maulkuerf je no Hond

Umeldungen: 0/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Hondsbegéinungen un der Léngt relax meeschteren

Hondsbegéinungen op sengem Spadséiergang: E leidegt Thema. Däin Hond zitt, rappt, billt oder pöbelt? Däin Hond wëll Moie-Soe goen oder Spillen? Du packs däin Hond net méi, wann een aneren Hond vu wäitem optaucht? Dann ass dëse Workshop fir dech an däin Hond. Awer opgepasst: D'Viraussetzung ass eng gutt Leinefüregkeet am Alldag. Déi kënne mer net vu Null an dësem Workshop opbauen.

Dofir: cf. Workshop Leinefüregkeet I & II

Viraussetzung: Éischtgespréich  & eng gutt Leinefüregkeet

Umeldungen: 1/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Citytraining

Fir datt däin Hond op all Situatiounen, déi engem am Liewen sou ënnerkomme kënne virbereed ass, mécht et Sënn och mol ënnert staarken Oflenkungen déi eng Stad sou bidd, verschidden Übungen, wéi Leinefüregkeet, Impulskontroll, etc. ze trainéieren. Awer och Herausfuerderungen, wéi eng Akafstrooss, e Lift huelen, mam Bus/Tram fueren, etc. wëllen geübt sinn. 

Viraussetzung: Éischtgespréich  & eng relativ gutt Leinefüregkeet a keng Ängschten

Umeldungen: 0/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Formalismus I (Gehorsam) 

Fir verschidde Situatiounen oder Hondssportaarten muss een op de Formalismus zeréckgräifen: Kommandoe wéi Sitz, Platz, Steh, Stop, Aus, etc. wëlle propper opgebaut sinn, fir datt se am Eeschtfall och zouverlässeg fonctionéieren. De Formalismus ass och eng wonnerbar Kappaarbecht an domat Auslaaschtung.

Viraussetzung: Éischtgespréich

Umeldungen: 2/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Formalismus II (Gehorsam & Distanzaarbecht)

Kommandoe wéi Sitz, Platz, Steh, Stop, Aus, etc. solle nom propperen Opbau och an der Distanz trainéiert ginn, fir se sou weider ze festegen a se sou spéider och zouverlässeg op Distanz fonctionéieren. 

Viraussetzung: Formalismus I

Umeldungen: 1/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Dummy fir "Newbies"

Dummy ass vill méi, wéi ech geheien eppes an den Hond geet et sichen. Fir Dummy ass eng gutt Steadiness (roueg waarde kënnen), Päiffkommandoën, Foussaarbecht op Autopilot a villes méi wichteg.

An dësem Workshop baue mir de "klenge Suchenpfiff" op, schaffen un der Steadiness an um zouverlässegen Bréngen vum Dummy (an d'Hand) - wichteg Basics fir d'Dummyaarbecht. 

Viraussetzung: Hond soll Apportel ophuelen an droen

Umeldungen: 0/3-4

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Dummy fir Ufänger

Päiffkommandoe wéi Suchenpfiff an Aweisen si bekannt, da geet et an dësem Ws weider mat Verleitungen (e.a. Markéierungen), weider Richtungsuweisungen (Riets/Lénks/Back) an dem Stoppfiff. 

Viraussetzung: Dummykenntnisser (zouverlässegt Bréngen, Aweisen)

Umeldungen: 0/3-4

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Foussaarbecht "Retriever-Style"

Foussaarbecht ass e wichtegt Element am Dummy- oder am Begleithundetraining. Grad am Dummy ass et awer wichteg, datt däin Hond léiert sech no vir ze fokusséieren a net erop bei dech ze kucken (wat iwwregens och immens schlecht fir d'Haltung ass). An dësem Workshop weisen ech dir wéi, a wéi een et erreecht, datt d'Foussaarbecht spéider wéi op Autopilot fonctionéiert. 

Viraussetzung: keng

Umeldungen: 0/3-6

Datum: gëtt bei mind. 3 Umeldungen zesumme festgeluecht

 

Nuesenaarbecht

Falls du mol eng Kéier net esou vill Zäit hues fir mam Hond e groussen Tour ze goen, oder et dofir ze waarm ass, an däin Hond awer eng Auslaaschtung braucht, ass Nuesenaarbecht genee dat Richtegt. Ech weisen dir an dësem Workshop, wéi's du ouni oder mat klengem Material flott Nuesespiller ënnerwee oder och doheem maache kanns, fir dengem Hond säi Bedürfnis no Schnoffelen ze befriddegen an e sou op eng aartgerecht Weis midd a glécklech ze maachen. 

Viraussetzung: keng

Umeldungen: 0/3-6


Umeldung: Workshop

Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.