Welpen: Preventioun

Grad an der Welpenzäit (bis ca. déi 20. Woch), resp. och an der Junghundephase, ass et immens wichteg, Ärem Hond déi néideg Erzéiung zoukommen ze loossen - individuell u Perséinlechkeet, Rass a Bedürfnisser ugepasst. 

Eng gutt Basis u Gronderzéiung, wat net "Sitz" oder "Platz", etc. ass, ass immens wichteg, fir Ärem Hond spéider en aartgerecht, harmonescht a fairt Liewen ze erméiglechen. 

Welpebesëtzer kënne, nom Éischtgespréich, a weideren Eenzeltraininger un Themen, wéi Sozialisatioun, Beisshemmung, Eleng-bleiwen, Reegelen opsetzen, Grenze setzen, Frustratiounstoleranz steigeren, awer och un der Orientéierung, Leineführegkeet, Réckruff, Waarde kënnen, Selbstregulatioun & Impulskontroll, etc. mat hirem Welpe weiderschaffen. 

Sitz, Platz & Co. spille just eng ënnergeuerdent Roll a menge Welpeberodungen. 

 

Dës Eenzeltraininger fannen entweder bei Eech doheem, bei mir an der/ronderëm d'Praxis zu Chrëschtnech oder am alldeegleche Liewen dobaussen statt. Sou kënne mir d'Oflenkungen an d'Schwieregkeeten lues a lues steigeren. 

 

 

Präisser ab 15.09.2025

 

Éischtgespréich "dobäussen"

60 Min.: 110 €

 

Eenzeltraining am alldeegleche Liewen op vu mir festgeluechte Plazen am Osten/Zentrum

45 Min.: 90 € 

60 Min.: 110 €

 

Eenzeltraining (och Éischtgespréich méiglech) zu Chrëschtnech

45 Min.: 75 € 

60 Min.: 90 €

  

Eenzeltraining bei Eech doheem oder op enger vun Iech gewënschtener Plaz 

90 Min.: 180 €

 

 

NEI! Online 

Gespréich iwwer Zoom, e.a. fir Froen ze beäntweren, etc. (Net als Éischtgespréich méiglech)

30 Min.: 38 €

45 Min.:  50 €

60 Min.: 65 €

 

NEI! Abonnementer **

2 x 45 Min. Zoom & 3 x Eenzeltraining à 45 Min. "dobäussen" 

252 €

  

5 x Eenzeltraining à 45 Min. "dobäussen"

405 €

 

5 x Eenzeltraining æ 60 Min. "dobäussen"

495 €

 

 

** Gültegkeet 3 Méint

   

 

D'Éischtgespréich gëtt sur place bezuelt - cash/Payconiq.

Dono gëtt all Eenzelstonn/Gespréich am Viraus iwwerwisen/payconiqt, resp. spéitstens den Dag selwer bezuelt (cash/Payconiq). Abonnementer ginn am Viraus iwwerwisen, wgl. 

Bei Ofsoen vu manner wéi 24 Stonnen am Viraus gëtt de Rdv voll berechent.  

Participatioun op eege Gefor. 

 

* bei > 50 km ee Wee, gi Frais de route (hin an zeréck) an Héicht vun 0,50 €/km ab Chrëschtnech. derbäigerechent.