SOCIAL SKILLS

 

Besonneg an der Welpenzäit a Junghundezäit ass et wichteg, engem Hond déi néideg Kompetenzen, wéi Selbstregulatioun, Impulskontroll, Gedold... mat op de Wee ze ginn. Awer och Themen, wéi d'Sozialisatioun an d'Expositioun si wichteg. Da ginn och nach kleng Übungen fir d'Leinefürung, Réckruff, etc. ëmgesat. Dëst kann een alles wonnerbar an enger klenger Grupp zesummen mat anere Welpebesëtzer. 

Dofir gi net méi wéi 6 Muppen ugeholl. All Rasse si wëllkomm.

Alter Hond: ca. 12 bis ca. 28 Wochen

Eenzeltraining virum/parallel zum Cours mécht hei absolut Sënn. 

 

Präiss: 90 € fir 3 festgeluechte Rdver

Umeldungen: 5 vu 6

Wéini? Um 15:00 Auer

Dauer: 60 min. 

Terminer: 05.04.; 19.04.2025

 

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)

Cours leeft schon...

Hondsbegéinungen op dengem Spadséiergang:

E leidegt Thema fir dech? 

Däin Hond zitt, rappt, billt oder pöbelt? Däin Hond wëll Moie-Soe goen oder Spillen? Du packs däin Hond net méi, wann een aneren Hond vu wäitem optaucht? Dann ass dëse Cours dat Richtegt fir dech an däin Hond. 

 

Mir behandelen Theme, wéi Leinefürung, Fürung generell, Stress, Frust, Impulskontroll a Selbstwierksamkeet. 

All Alter an all Rassen/Mixen si wëllkomm. 

Eenzelcoaching virum/parallel zum Cours mécht hei absolut Sënn, fir eng anstänneg Leinefüregkeet opzebauen. 

 

Terminer: 20.09.2025

 

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)

En zouverlässege Réckruff ass sou mat dat Wichtegst, wat all Hond kënne muss:

Fir dierfen an de Fräilaf a sou och méi Fräiheet kënnen ze genéissen.

Den Opbau ass hei awer immens wichteg an och dat lues Eruféieren un Oflenkungen a Schwieregkeeten. Dorop läit de Schwéierpunkt vun dësem Cours. 

All Alter an all Rassen/Mixen si wëllkomm, déi schon eng Basis u Réckruff hunn. 

Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdver

Umeldungen: 2 vu 6

Wéini? Um 15:00 Auer

Dauer: 60 min. 

Terminer: 06.09.; 20.09.; 27.09.; 04.10.2025

 

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)

Cours leeft schon...

Leinefüregkeet ass méi, wéi en Hond dee net un der Léngt zitt. Leinefüregkeet ass Bezéiung, Orientéierung a Féierung. Just wann dat klappt, kann ech iwwer eng länger Léngt oder Fräilaf nodenken. An dësem Cours fänke mir bei Null un (Stoen) a kommen duerch e kloeren Standing ganz séier och zum Goen. Och u lockerer Léngt. 

Versprach. 

All Rassen/Mixen ab dem Alter vun 4 Méint si wëllkomm.

Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdver

Umeldungen: 4 vu 6 

Wéini? 15:00 Auer

Dauer: 60 min. 

 

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)

Kierperaarbecht

Kierperaarbecht fällt ënner de Begrëff vun der Verhalenstherapie.

An der Kierperaarbecht gëtt iwwer kierperlech Kontakter en Zougang zum Hond gesicht fir d'Kommunikatioun zum Hond ze schoulen. Besonneg onroueg oder onsécher Hënn profitéieren vun dësen Techniken.

D'Kierperaarbecht gëtt zunächst vu mir un Ärem Hond a menger Praxis ëmgesat. Spéider leeden ech Eech un déi Techniken weiderzeféieren. 

 

Bei Interessi oder weidere Froe kënnt Dir Eech gäre mellen.