D'Gruppecoursen fannen ëmmer Samsdes Nomëttes statt an op festgeluechte Rdvër. All Cours gëtt a Bléck vu 4 bis 6 Rdvër organiséiert.
Meng Coursen fannen am alldeegleche Liewe statt, d.h. am Bësch, an engem Park, um Feld, an enger Foussgängerzon, etc. Sou kann een en Hond op allméiglech Situatiounen, déi engem am Alldag iwwert d'Féiss falen, och adequat virbereeden.
Et gi max. 6 Hënn pro Cours ugeholl.
All Rassen a Mixen si wëllkomm.
E Cours fënnt bei mind. 3 Umeldungen statt.
Präis:
1 Séance (eenzel bezuelt): 35 €
4 Séancen (Package): 120 €
6 Séancen (Package): 180 €
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen.)
Life Skills II - Dëse Cours ass fir all Teams, déi schon eng Basis u Gronderzéiung, resp. Grondgehorsam hunn an awer nach gären dat Eent oder Anert ausschaffen, besonneg mat Oflenkung duerch d'Grupp.
Mir behandelen Theme, wéi Leinefürung, Fräilaf (Radiuskontroll), Impulskontroll a Frustratiounstoleranz, Réckruff, Bleiwen a Waarden, Alldagsgehorsam.
All Rassen/Mixen ab dem Alter vun ca. 4-5 Méint si wëllkomm.
Präiss: 35 € pro Séance
Umeldungen: 4 vu 6
Wéini? 15:00 Auer
Dauer: 60 min.
Terminer: 14.06.; 28.06.; 12.07.; 19.07.2025
Participatioun op eege Gefor
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)
Leinefüregkeet ass méi, wéi en Hond dee net un der Léngt zitt. Leinefüregkeet ass Bezéiung, Orientéierung a Féierung. Just wann dat klappt, kann ech iwwer eng länger Léngt oder Fräilaf nodenken. An dësem Cours fänke mir bei Null un (Stoen) a kommen duerch e kloeren Standing ganz séier och zum Goen. Och u lockerer Léngt.
Versprach.
All Rassen/Mixen ab dem Alter vun 4 Méint si wëllkomm.
Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdver
Umeldungen: 0 vu 4
Wéini? 15:00 Auer
Dauer: 60 min.
Terminer: 02.08.; 09.08.; 23.08; 30.08.2025
Participatioun op eege Gefor
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)
Hondsbegéinungen op dengem Spadséiergang:
E leidegt Thema fir dech?
Däin Hond zitt, rappt, billt oder pöbelt? Däin Hond wëll Moie-Soe goen oder Spillen? Du packs däin Hond net méi, wann een aneren Hond vu wäitem optaucht? Dann ass dëse Cours dat Richtegt fir dech an däin Hond.
Fir a Rou kënnen ze schaffen gi net méi wéi 4 Muppen ugeholl.
Mir behandelen Theme, wéi Leinefürung, Fürung generell, Stress, Frust, Impulskontroll a Selbstwierksamkeet.
All Alter an all Rassen/Mixen si wëllkomm.
Eenzeltraining virum/parallel zum Cours mécht hei absolut Sënn.
Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdver
Umeldungen: 0/4
Wéini? Um 16:00 Auer
Dauer: 60 min.
Terminer: 23.08; 30.08.; 06.09.; 20.09.2025
Participatioun op eege Gefor
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)
En zouverlässege Réckruff ass sou mat dat Wichtegst, wat all Hond kënne muss:
Fir dierfen an de Fräilaf a sou och méi Fräiheet kënnen ze genéissen.
Den Opbau ass hei awer immens wichteg an och dat lues Eruféieren un Oflenkungen a Schwieregkeeten. Dorop läit de Schwéierpunkt vun dësem Cours.
All Alter an all Rassen/Mixen si wëllkomm, déi schon eng Basis u Réckruff hunn.
Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdver
Umeldungen: 0/4
Wéini? Um 15:00 Auer
Dauer: 60 min.
Terminer: 06.09.; 20.09.; 27.09.; 04.10.2025
Participatioun op eege Gefor
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)
Et kann ee villes an der Opzuucht an am Ëmgang mam Hond falsch maachen, datt ee méi oder manner onbewosst en Hond zum Joen erzitt.
An dësem Cours kriss du eng Uleedung, op wat's du am Alldag (doheem an dobaussen) oppasse muss, fir datt et guer net esou wäit kënnt, resp. deng Spazéiergäng mam Hond méi entspaant ginn.
Dëse Cours geet wäit iwwer déi üblech Saachen, wéi Alternativverhalen opbauen, Ersatzbeschäftegung notzen a Réckruff trainéieren eraus.
Du bass interesséiert? Da mell dech un!
All Rassen/Mixen ab dem Alter vun 4 Méint si wëllkomm, besonnesch och Welpen/Jonk Hënn vu Juegdhondsrassen, déi net juegdlech gefouert (solle) ginn.
Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdver
Umeldungen: 0 vu 4
Wéini? 16:00 Auer
Dauer: 60 min.
Terminer: op Nofro
Participatioun op eege Gefor
* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)