Am Éischtgespréich beschwätze mir Är momentan Situatioun mat Ärem Hond an ech beäntweren Eech Är éischt Froen. Ech kucken mer natierlech och Ären Hond un a beobachten Eech am Ëmgang mat him. Ech stellen Eech Froen zum Dagesoflaf, zu der Ernierung, Beschäftegung an deem villäicht schon absolvéierten Training. Sou kréien ech déi néideg Informatiounen fir Eech am adequaatsten hëllefen ze kënnen. Mir formuléieren Äert Zil mat Ärem Hond an ech ginn Eech alt déi éischt Tuyaue mat op de Wee. Dëst geschitt op engem klenge Spadséiergang am alldeegleche Liewen oder bei mir an der Praxis.* (Bei Welpen och doheem méiglech.)
An de folgenden Eenzeltraininger schaffen mir un individuellen Themen, déi et Eech erméiglechen, Äert gesaten Zil mat Ärem Hond ze erreechen. Dëst ka sinn, datt ech Eech d'Hondssprooch (Kierpersprooch an Ausdrocksverhalen) méi no bréngen, ech Är Handlungsfäegkeet erhéijen, ech Eech schoulen Är eege Kierpersprooch als Kommunikatiounsmëttel ugepasst ze benotzen, etc. a natierlech, ech Eech Praktiken erklären, wéi Dir Ären Hond erzéien an him Saachen, wéi Orientéierung, Leineführegkeet, Réckruff, etc. vermëttele kënnt. Folgeterminer fannen am alldeegleche Liewe statt oder kënnen och bei Eech doheem gemaach ginn.
Präisser ab 15.09.2025
Éischtgespréich "dobäussen"
60 Min.: 110 €
Eenzeltraining am alldeegleche Liewen op vu mir festgeluechte Plazen am Osten/Zentrum
45 Min.: 90 €
60 Min.: 110 €
Eenzeltraining zu Chrëschtnech (och Éischtgespréich méiglech)
45 Min.: 75 €
60 Min.: 90 €
Eenzeltraining bei Eech doheem oder op enger vun Iech gewënschtener Plaz
90 Min.: 180 €
(Doheem: Net als "Éischtgespréich" méiglech bei erwuessenen Hënn)
NEI! Online
Gespréich iwwer Zoom, e.a. fir Froen ze beäntweren, etc. (Net als Éischtgespréich méiglech)
30 Min.: 38 €
45 Min.: 50 €
60 Min.: 65 €
NEI! Abonnementer **
2 x 45 Min. Zoom & 3 x Eenzeltraining à 45 Min. "dobäussen" op vu mir festgeluechte Plazen
252 €
5 x Eenzeltraining à 45 Min. "dobäussen" op vu mir festgeluechte Plazen
405 €
5 x Eenzeltraining à 60 Min. "dobäussen" op vu mir festgeluechte Plazen
495 €
** Gültegkeet 3 Méint
D'Éischtgespréich gëtt sur place bezuelt - cash/Payconiq.
Dono gëtt all Eenzeltraining/Gespréich am Viraus iwwerwisen/payconiqt, resp. spéitstens den Dag selwer bezuelt (cash/Payconiq). Abonnementer ginn am Viraus iwwerwisen, wgl.
Bei Ofsoen vu manner wéi 24 Stonnen am Viraus gëtt de Rdv voll berechent.
Participatioun op eege Gefor.
* bei > 50 km ee Wee, gi Frais de route an Héicht vun 0,50 €/km derbäigerechent.