Ënner Hondserzéiung falen all meng Déngschtleeschtungen, wéi Verhalensberodungen, Welpen-Preventioun oder Workshops.
Och wa verschidde Workshops sech ëm formaalt Léieren (Gehorsam/Dressur) dréinen, läit mäi Fokus awer op der Erzéiung (soziaalt Léieren) vum Hond, besonnesch an der Verhalenstherapie an an der Welpen-Preventioun.
An der Verhalenstherapie geet et net drëm, Hënn ze dresséieren, mee op hier Bedürfnisser anzegoen, hinne Verantwortung ofzehuelen a nei Léisungsméiglechkeeten opzeweisen, fir datt si hiert "Problemverhalen" net méi weise mussen. Heivir ass eng grouss Selbstreflexioun vun de Besëtzer néideg.
An der Welpen-Preventioun geet et drëms déi richteg Weiche ze leën, fir en harmonescht Zesummeliewen z'erméiglechen an ze evitéieren, datt sech Problemverhalen iwwerhaapt entwéckele kann.
Fir hei nach méi an d'Déift kënnen ze goen, roden ech ëmmer zu der Kombinatioun vu Verhalensberodung a physiotherapeutescher Behandlung.
Dir fannt weider Informatiounen zu der Hondserzéiung (Soziaalt Léieren) op deene jeweilege Säiten: