Dummytraining

Dummytraining ass eng wonnerbar Teamaarbecht fir all Mënsch-Hond-Team. Dummy ass eng bedürfnisorientéiert a kreativ Méiglechkeet säin Hond auszelaaschten. Dummy ass awer vill méi komplex, wéi ech geheien eppes an den Hond geet et sichen a bréngt et zeréck. Dummy besteet aus MarkéierungenAweisen an der Grousser Sich.

 

Markéierung = den Hond gesäit den Dummy falen ("Apport")

Aweisen = den Hond weess net, wou den Dummy läit a gëtt vu sengem Mënsch iwwer Richtungsuweisungen dohi geschéckt ("Voran", Riets/Lénks/Back) (cf. Photo uewen)

Grouss Sich = den Hond sicht selbststänneg a systematesch e grousst Sichgebitt no Dummyen of a bréngt se ee nom aneren zeréck ("Such")

 

Fir den Dummytraining si verschidde Päiffkommandoen néideg (z.B. klenge Suchenpfiff, Stoppfiff, etc.), genee wéi eng gutt Impulskontroll an eng Basis u Gehorsam, wéi Foussaarbecht, Sëtze-Bleiwen, stabille Réckruff, awer och d'Akzeptéieren vun engem Korrekturwuert, resp. Ofbrochkommando.

Dëst alles léiert Dir zesumme mat Ärem Hond a mengen Dummystonnen. 

 

Dummytraining bidden ech fir Ufänger a Fortgeschrëttener an aner Interesséiert als Eenzeltraining un, fir all eenzel Elementer a Rou a klengschrëtteg opbauen ze kënnen. Et besteet och d'Méiglechkeet am Tandem mat engem aneren Hond ze trainéieren, deen um gläichen Trainingsstand ass. Oder, an der 4erGrupp. 

 

Eenzelstonnen - Dummy 

Jonk Hënn ab ca. 12 Wochen bis ca. 24 Wochen

Präis: 68 € (ca. 45 min)

5er Kaart: 323 €*

10er Kaart: 578 €*

 

Hënn ab ca. 6 Méint

Präis: 90 € (ca. 60 min.)

5er Kaart: 428 €*

10erKaart: 765 €*

 

Tandem - Dummy

Tandem (zwee Hënn op deem selweschte Niveau): 

Präis: 68 € pro Team (ca. 90 Min.)

5er Kaart: 323 €*

10er Kaart: 578 €*

 

Grupp - Dummy:

Viraussetzung ass roueg am Grupp schaffen ze kënnen. Gruppe ginn dem Niveau no agedeelt: 

Einsteiger/Ufänger Grupp & Gutt Ufänger/Fortgeschrëttene Grupp

Et ginn héchstens 4 Teams pro Grupp ugeholl. 

Präis: 35 € pro Team fir ca. 90 Min. 

5er Kaart: 167 €*

10er Kaart: 298 €*

 

* Gültegkeet vu 5erKaarten sinn 3 Méint a vun 10erKaarten 6 Méint. 

 

Fënnt den Dummytraining net Samsdes statt, gëtt de reguläre Präis fir Eenzelstonnen gerechent. 

 

An de Präisser sinn all Abgaben akalkuléiert.  

Dummy-Terminer 2025*:

30.08.2025 (nach 2 Rdver méiglech)

06.09.2025 (nach 2 Rdver méiglech)

20.09.2025 (nach ee Rdv méiglech)

27.09.2025 (nach ee Rdv méiglech)

04.10.2025

25.10.2025

08.11.2025

22.11.2025

29.11.2025

06.12.2025

20.12.2025

03.01.2026

...

 

* Ännerunge virbehalen


Umeldung

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.