Meet & Greet

De Meet & Greet soll eng Méiglechkeet sinn, fir Hondsbesëtzer zesummen ze kommen, sech auszetauschen a gegebenenfalls d'Muppen mateneen kommunizéieren ze loossen. (Ech schreiwen extra net spillen, wëll sécherlech net all Hond an dësem Kontext wäert spillen.)

Mir wäerten bei all Meet & Greet iwwert ee bestëmmten Thema schwätzen, z.B. Kastratioun, Ernierung, Auslaaschtung, a.s.w.

Jidderee ka sech umellen. Verhalensoriginell Hënn si gebieden e Maulkuerf unzehunn, wa mir d'Muppen matenee lafe loossen. (De Fräilaf ass net prioritär; et geet haaptsächlech drëms sech auszetauschen a weiderzebilden.) 

Et sinn och Leit wëllkomm, déi mech a meng Aarbecht net kennen a mech sou kenneléiere kënnen. 

 

De Meet & Greet wäert ca. 90 Minutten daueren a kascht 28 € cash/Payconiq. 

All Rdver sinn hei opgelëscht. De Meet & Greet fënnt iwwert de Summer statt. 

Umelle kann ee sech iwwert de Formulaire ënnen. 

De Meet & Greet fënnt zu Consdorf a bei mind. 4 Umeldungen pro Rdv statt. 

 

Terminer: 

 

- 12.09.2023 19:00 Auer


Umeldformulaire

Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.