Theme konzentréieren sech op Erzéiung, Formalismus (Gehorsam) an Auslaaschtung.
Deelhuelen kënnen all Hënn an all Rassen. Mindestalter si 6 Méint.
Fir d'Workshops gi mind. 3 a max. 6 Teams pro Thema ugeholl, vereenzelt souguer just 4 Teams.
Präis:
Workshop: 90 € (3 Stonnen) - cash oder Payconiq
Ëmmer samsdes nomëttes.
Umeldungen wgl. iwwert de Formulaire ënnen op der Säit.
Umeldungen si verbindlech. Eng Ofso muss mind. 2 Wochen am Viraus stattfannen, soss gëtt de Workshop integral berechent. Eng Ersatzpersoun ka gestallt ginn.
Citytraining
Fir datt däin Hond op all Situatiounen, déi engem am Liewen sou ënnerkomme kënne virbereed ass, mécht et Sënn och mol ënnert staarken Oflenkungen déi eng Stad sou bidd, verschidden Übungen, wéi Leinefüregkeet, Impulskontroll, etc. ze trainéieren. Awer och Herausfuerderungen, wéi eng Akafstrooss, e Lift huelen, mam Bus/Tram fueren, etc. wëllen geübt sinn.
Viraussetzung: Basis Leinefüregkeet
Umeldungen: 1/4
Datum: 25.10.2025
Selbstregulatioun: Impulskontroll, Frustratiounstoleranz & Belohnungsaufschub
Impulskontroll a Frustratiounstoleranz si Grondfäegkeeten, déi et engem Hond erméiglechen, säi Liewe relax an zefridde liewen ze kënnen. Impulskontroll ass awer net, ech soen dem Hond "Sitz" wann e Ball gehäit gëtt, o.ä., mee eng selbststänneg Kontroll iwwert déi eegen Iddien an Handlungen. Duerch eng héich Frustratiounstoleranz ass den Hond amstand eng Frustratioun manner staark ze empfannen. Also ganz wichteg Themen, déi all Hond ausbilde muss.
Viraussetzung: keng
Umeldungen: 0/6
Datum: 08.11.2025
Leinefüregkeet 2.0
Wéi bei allem, ass et och bei der Leinefüregkeet wichteg, d'Ufuerderungen. resp. d'Oflenkungen un den Hond ze steigeren. Nodeems du an däin Hond d'Leinefüregkeet an einfachen an iwwerschaubare Kontexter geüübt hutt, geet et an dësem Ws drëm Oflenkungen unzegoen.
Viraussetzung: Basis Leinefüregkeet
Umeldungen: 0/6
Datum: 29.11.2025
Hondsbegéinungen un der Léngt relax meeschteren
Hondsbegéinungen op sengem Spadséiergang: E leidegt Thema. Däin Hond zitt, rappt, billt oder pöbelt? Däin Hond wëll Moie-Soe goen oder Spillen? Du packs däin Hond net méi, wann een aneren Hond vu wäitem optaucht? Dann ass dëse Workshop fir dech an däin Hond.
Viraussetzung: gutt Leinefüregkeet (cf. Workshop Leinefüregkeet 2.0)
Umeldungen: 0/6
Datum: 20.12.2025
Formalismus I (Gehorsam)
Fir verschidde Situatiounen oder Hondssportaarten muss een op de Formalismus zeréckgräifen: Kommandoe wéi Sitz, Platz, Steh, Stop, etc. wëlle propper opgebaut sinn, fir datt se am Eeschtfall och zouverlässeg fonctionéieren. De Formalismus ass och eng wonnerbar Kappaarbecht an domat Auslaaschtung.
Umeldungen: 0/6
Datum: 06.12.2025
Formalismus II (Gehorsam & Distanzkontroll)
Kommandoe wéi Sitz, Platz, Steh, Stop, Aus, etc. solle nom propperen Opbau och an der Distanz trainéiert ginn, fir se sou weider ze festegen a se sou spéider och zouverlässeg op Distanz fonctionéieren.
Viraussetzung: Formalismus I
Umeldungen: 0/6
Datum: 17.01.2026
Réckruff 2.0 - mat an ouni Päiff & steigender Oflenkung
Ass d'Grondbasis fir e verbindleche Réckruff geluecht, muss d'Oflenkung lues a lues gesteigert ginn, fir datt den Hond och bei méi schwirege Situatiounen weess wéi e reagéiere muss, wann e geruff gëtt...
Umeldungen: 0/6
Viraussetzung: Basis Réckruff
Datum: 14.02.2026
Foussaarbecht "Retriever-Style"
Foussaarbecht ass e wichtegt Element am Dummy- oder am Begleithundetraining. Grad am Dummy ass et awer wichteg, datt däin Hond léiert sech no vir ze fokusséieren a net erop bei dech ze kucken (wat iwwregens och immens schlecht fir d'Haltung ass). An dësem Workshop weisen ech dir wéi, a wéi een et erreecht, datt d'Foussaarbecht spéider wéi op Autopilot fonctionéiert.
Viraussetzung: keng
Umeldungen: 0/6
Datum: 07.03.2026
Dummytraining fir Newbies
Dummy ass eng wonnerbar Teamaarbecht. Däin Hond léiert propper ze Apportéieren, an awer och ze waarden. Et ass also kee "Ballspillen", wat iwwregens kee Spill ass, mee fir vill Hënn batteren Eescht (Sucht: Hetzen). An dësem Workshop léiers du déi éischt Basics fir an déi wonnerbar Welt vun der Dummyaarbecht mat dengem Hund eranzeschnupperen. Heizou gehéieren e.a. verschidde Päiffkommandoen, e gudde Gehorsam a vill Spaass.
Viraussetzung: Hond soll Spillsaach droen & halen
Umeldungen: 0/4
Datum: 14.03.2026