De Social Skills ass fir Welpen tëschent ca. 10 an ca. 20 Wochen.
Hei fokusséiere mir eis op déi wichteg Elementer am Zesummeliewe vu Mënsch an Hond, fir datt de Welpen eng vertrauensvoll a sécher Bindung zu sengem Mënsch(en) opbauen, Sozialkompetenzen entwéckele kann an de Mënsch säi Welpe wierklech verstoen a mat him kommunizéiere léiert. Lassgeléist vun deenen üblechen Techniken a Kommandoen, mee hin zu enger natierlecher Verbonnenheet mam Hond a senger Natur.
Dës natierlech Verbonnenheet begleet eis och nach weider am Cours Life Skills. Dëse baut op de Cours Social Skills op an hei geet et méi ëm Kompetenzen déi's du an däin Hond schonn opgebaut hunn, wéi ëm den Alter vun dengem Hond. Mir fokusséieren eis hei op weider natierlech Kommunikationsqualitéiten, sou datt's du dech sécher mat dengem Hond duercht Liewe beweege kanns.
Am Life Skills ginn dann d'Situatiounen lues a lues méi tricky an dann och alles e bësse méi usprochsvoll.
All Cours besteet aus Theorie (Online 1 x 1h) a Praxis (dobäussen 6 x 1h).
Präis: 240 €
Mind. 4 Teams
Start Life Skills:
15.04.: Live Call (19:30 Auer)
18.04.: 1. Praxisstonn (16:00 Auer)
02.05.: 2. Praxisstonn (16:00 Auer)
16.05.: 3. Praxisstonn (16:00 Auer)
23.04.: 4. Praxisstonn (16:00 Auer)
06.06.: 5. Praxisstonn (16:00 Auer)
20.06.: 6. Praxisstonn (15:00 Auer!!)
Start Social Skills:
02.06.: Live Call (19:30 Auer)
06.06.: 1. Praxisstonn (15:00 Auer)
Weider Terminer hei.
Max. 4 Teams ginn ugeholl