Och dëst Joer ginn et rëm Workshops, Meet&Greets a Social Walks iwwert de Summer (Mee bis August).
Dës Workshops & Co. fannen owes an der Woch statt an et gi mind. 3 a max. 6 Teams pro Rdv/Thema ugeholl.*
Ech hunn eng kleng awer fein Auswiel un Theme fir d'Workshops fir dëst Joer getraff.
Theme konzentréieren sech op Erzéiung, Gehorsam an Auslaaschtung.
Deelhuelen kënnen all Hënn ab mind. 6 Méint (wéinst der Dauer).
Umeldungen wgl. iwwert de Formulaire ënnen op der Säit.
Umeldungen si verbindlech a musse mind. eng Woch virum Workshop stornéiert, resp. eng Ersatzpersoun ka gestallt ginn, soss gëtt de Workshop a voller Héicht verrechent.
Fir de Meet&Greet an de Social Walk muss ee sech mind. 24 Stonnen am Viraus ofmellen, soss gëtt en a voller Héicht verrechent.
Präis:
Workshop: 60 € (2 Stonnen)
Meet & Greet: 30 € (1 Stonn)
Social Walk: 30 € (1 Stonn)
Ënner 3 Umeldungen fënnt de Workshop/Meet&Greet/Social Walk net statt!
Participatioun op eege Gefor.
* Ännerungen virbehalen.
...
Datum: xx.xx.2024 um 18:00 Auer
Viraussetzung:
Verfügbarkeet: 6 Plazen
Umeldschluss: