Gruppecoursen

Am März 2024 starte rëm nei Coursen:

- Welpecours (Alter ca. 8 bis 18 Wochen)

- Junghundecours (Alter ca. 5 bis ca. 18 Méint)

- Alldagscours (ab ca. 18 Méint) mat ofschléissender "interner" Prüfung

dogtask Good Citizen Dog

D.h. ech begleeden Eech an Ären Hond bis zu engem Alter vun mind.. 24 Méint, fir eech als Team optimal op en harmonescht Zesummeliewen ze preparéieren. 

 

D'Coursen fannen ëmmer Samsdes Moies statt an op festgeluechte Rdvër (an der Reegel all 14 Deeg). No deenen éischte sechs Rdvër komme selbstverständlech ëmmer weider Rdvër derbäi. D'Course fanne ganzt Joer statt. 

 

Am Géigesaz zu villen Hondsschoulen, fanne meng Coursen (och Eenzelstonnen) am alldeegleche Liewe statt, d.h. am Bësch, an engem Park, um Feld, an enger Foussgängerzon, beim Waasser, ënner Leit/Hënn/Geräischer... Nëmme sou kann een en Hond op allméiglech Situatiounen, déi engem am Alldag iwwert d'Féiss falen, och adequat virbereeden. 

 

!! Plazen fir meng Gruppecoursen sinn deene Leit virbehalen, déi entweder bei mir ab dem Welpecours starten, oder 2023/2024 bei mir Eenzelstonne gebucht hunn. Sollten da nach Plazen iwwreg sinn, ass awer mind. en Éischtgespréich virum Cours Pflicht, fir datt ech d'Mënsch-Hond-Team och kennen a virop scho mol individuell beroden an den Oflaf vum Cours erkläre kann. (Net fir de Welpecours obligatoresch, mécht awer och hei Sënn!) 

Präis: 6 Seancen fir 180 €*

.        5 Seancen fir 150 € *

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)

 


Welpecours

Alter: ca. 8 bis ca. 18 Wochen

Besonneg an der Welpenzäit ass et wichteg, engem Hond déi néideg Kompetenzen, wéi Selbstregulatioun, Impulskontroll, Gedold... mat op de Wee ze ginn. Awer och Themen, wéi d'Sozialisatioun mat Glaichaltregen, oder Ënnergrënn, Plazen, Geräischer, Mënschen an aneren Déieren si wichteg. Da ginn och nach kleng Übungen fir d'Leinefürung, Réckruff, etc. ëmgesat. Dëst kann een alles wonnerbar an enger klenger Grupp zesummen mat anere Welpebesëtzer. 

 

Dofir gi net méi wéi 6 Muppen ugeholl. All Rasse si wëllkomm. 

Opgepasst! D'Muppe solle beim Start vum Cours net méi wéi 10 Wochen al sinn, fir datt den Alters-, Gréissten- a Gewiichtsënnerscheed net schon vun Ufank un ze grouss ass. 

Präiss: 150 € fir 5 festgeluechte Rdver (Sa. 15.06.; Sa. 29.06.; Sa. 13.07.; Sa. 27.07.; Sa. 10.08.2024)*

Fräi Plazen: nach 6 Plazen

Wéini? Um 09:00 Auer

 

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)


Junghundecours

Alter: ca. 5 bis ca. 18 Méint

Ab dem Alter vun ca. 5 Méint fänkt - je no Rass -  d'Adoleszenz (gären och Pubertéit genannt) un. Den Hond test gären déi etabléiert Reeglen an et huet een d'Gefill, den Hond wisst guer näischt méi. (Spoiler: Dat ass awer net esou!) Grad an där Zäit huet een als Hondbesëtzer vill Froen, brauch Ënnerstëtzung a mierkt an der Grupp, datt déi aner Leit genee déi selwescht Froen a "Problemer" hunn. D'Pubertéit ass trotz allen Hürden awer eng wonnerbar Zäit sou richteg mat sengem Hond zesummen ze wuesen. An dësem Cours geet et genau dorëms, a nach vill méi. 

Et gi net méi wéi 6 Muppen pro Grupp ugeholl. All Rasse si wëllkomm.

Prioritär sinn d'Plazen fir meng Leit aus dem Welpecours, resp. aus den Eenzelberodungen. Sollten da nach Plazen iwwreg sinn, ass awer mind. en Éischtgespréich virum Cours Pflicht, fir datt ech d'Mënsch-Hond-Team och kennen. Eenzeltraining parallel zum Cours mécht och hei absolut Sënn. 

Präiss: 150 € fir 5 festgeluechte Rdvër (Sa. 15.06.; Sa. 29.06.; Sa. 13.07.; Sa. 27.07.; Sa. 10.08.2024*)

Fräi Plazen: bis Mee ausgebucht

Wéini? Um 10:15 Auer

  

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)

 


Alldagscours

Alter: ab ca. 18 Méint oder spéider

Am Alldagscours, wéi de Numm et scho seet, geet et drëms déi Social Skills, déi d'Teams bis dohinner geléiert hunn, a méi schwiregen Alldagssituatiounen ze üben an auszebauen, Ween da wëll, kann dann och spéider déi reng intern Prüfung zum "dogtask Good Citizen Dog" ofleeën. 

Et gi net méi wéi 6 Muppen pro Grupp ugeholl. All Rasse si wëllkomm. 

Prioritär sinn d'Plazen fir meng Leit aus dem Junghundecours, resp. aus den Eenzelberodungen. Sollten da nach Plazen iwwreg sinn, ass awer mind. en Éischtgespréich virum Cours Pflicht, fir datt ech d'Mënsch-Hond-Team och kennen. 

Präiss: 150 € fir 5 festgeluechte Rdvër (Sa. 15.06.; Sa. 29.06.; Sa. 13.07.; Sa. 27.07.; Sa. 10.08.2024*)

Fräi Plazen: nach 2 Plazen

Wéini? Um 11:30 Auer

 

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)

 


Umeldung

Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.