Workshops & Co.

Och dëst Joer ginn et rëm Workshops a Social Walks iwwert de Summer (Mee bis September). 

Dës Workshops & Co. fannen dënsdes owes um 18:00 Auer statt an et gi mind. 3 a max. 6 Teams pro Rdv/Thema ugeholl.

Fir d'Dummyworkshops gi mind. 3 a max. 4 Teams ugeholl! 

!! Bei mind. 3 Umeldungen pro Thema leeë mir zesummen en Datum fir de Workshop fest.

 

Fir d'Social Walks ginn mind. 3 a max. 8 Hënn ugeholl. 

D'Workshops an d'Social Walks fannen am Raum Chrëschtnech statt.  

 

Umeldungen si verbindlech a musse mind. 7 Deeg virum Workshop stornéiert, resp. eng Ersatzpersoun ka gestallt ginn, soss gëtt de Workshop a voller Héicht verrechent. 

Fir de Social Walk muss ee sech mind. 24 Stonnen am Viraus ofmellen, soss gëtt en a voller Héicht verrechent. 

 

Präis: 

Workshop: 60 € (2 Stonnen)

Social Walk: 30 € (1 Stonn) 

via Payconiq oder cash

 

Ënner 3 Umeldungen fënnt de Workshop/Social Walk net statt! 

Participatioun op eege Gefor. 

* Ännerungen virbehalen. 


Social Walk

E Social Walk ass e gemeinsame Spadséiergang mat méi Hënn (max. 8)- mat oder och ouni Léngt (situativ). Mir beweegen eis an der Grupp an d'Muppen däerfen sech an der Frustratiounstoleranz, Gedold, an Orientéierung um Mënsch üben, resp. ouni Léngt och an der Sozialkommunikatioun mat anere Muppen. 

De Walk dauert ca. eng Stonn a fënnt op ënnerschiddleche Plazen am Raum Chrëschtnech statt. 

 

 

Terminer: 

25.06.2024

09.07.2024

27.08.2024

17.09.2024

 


Themen: Workshops

Ech hunn eng kleng awer fein Auswiel un Theme fir d'Workshops fir dëst Joer getraff. 

Theme konzentréieren sech op Erzéiung, Gehorsam an Auslaaschtung.

Deelhuelen kënnen all Hënn ab mind. 6 Méint (wéinst der Dauer).

 

Vill Themen bauen openeen op, wéi z.B. Leinefüregkeet, "Freifolge" & Fräilaf, de Réckruff an Hondsbegéinungen.

 

Umeldungen wgl. iwwert de Formulaire ënnen op der Säit.

!! Bei mind. 3 Umeldungen leeë mir zesummen en Datum fest. (Ufank Juni bis Enn September) 


 

Datum: 28.05.2024 um 18:00 Auer:

Leinefüregkeet

En Hond ze hunn, dee sech u mir orientéiert an un lockerer Léngt geet ass eng fein Saach. An dësem Workshop ginn ech eech eng speziell Technik (mat ënnerschiddlech Varianten) mat op de Wee fir dëst Zil z'erreechen, Varianten op eech an ären Hond ofgestëmmt.

Eng gutt Leinefüregkeet ass och d'Basis fir villes, e.a. Orientéierung ouni Léngt, einfach Hondsbegéinungen un der Léngt, e séchere Fräilaf, etc. 

Viraussetzung: keng

Verfügbarkeet: 4 Plazen

 

Datum: gëtt nach festgeluecht um 18:00 Auer:

Dummy fir Einsteiger

Dummy ass vill méi, wéi ech geheien eppes an den Hond geet et sichen. Fir Dummy ass eng gutt Steadiness (roueg waarde kënnen), Päiffkommandoën, Foussaarbecht op Autopilot a villes méi wichteg. An dësem Workshop baue mir de "klenge Suchenpfiff" op, schaffen un der Steadiness an un der propperer Abgab vum Dummy an d'Hand - wichteg Basics fir d'Dummyaarbecht. 

Viraussetzung: Hond soll Apportel an d'Schnëss huelen

Verfügbarkeet: 4 Plazen

 

Datum: 02.07.2024 um 18:00 Auer

Nuesenaarbecht

Falls du mol eng Kéier net esou vill Zäit hues fir mam Hond e groussen Tour ze goen, oder et dofir ze waarm ass, an däin Hond awer eng Auslaaschtung braucht, ass Nuesenaarbecht genee dat Richtegt. Ech weisen dir an dësem Workshop, wéi's du ouni oder mat klengem Material flott Nuesespiller ënnerwee oder och doheem maache kanns, fir dengem Hond säi Bedürfnis no Schnoffelen ze befriddegen an e sou op eng aartgerecht Weis midd a glécklech ze maachen. 

Viraussetzung: keng

Verfügbarkeet: 5 Plazen

 

Datum: gëtt nach festgeluecht um 18:00 Auer

"Freifolge" & Fräilaf

Fir e konzentréierten an opmierksame Fräilaf ass et fir d'éischt wichteg, datt däin Hond léiert drun ze bleiwen, ouni Léngt. Dëst nennen ech "Freifolge". Huet däin Hond dëst verstan, kann een iwwert de Fräilaf nodenken. Och hei ass et awer wichteg, datt däin Hond fokusséiert bleiwt an dech net aus senge Gedanke verléiert...

Viraussetzung: eng gutt Leinefüregkeet mécht d'Saach op jidderfall vill méi einfach ;) 

Verfügbarkeet: 6 Plazen

 

Datum: gëtt nach festgeluecht um 18:00 Auer

Réckruff - mat an ouni Päiff

De Réckruff, also Kommen op Kommando/Päiff, och bei grousser Oflenkung, ass immens wichteg. Sou wichteg dee Kommando ass, sou vill Schwiregkeeten kënnen beim Trainéieren vum Kommando optrieden. An dësem Workshop erklären ech dir déi néideg Schrëtt fir en zouverlässegen a verbindleche Réckruff opzebauen.  

Viraussetzung: eng gutt Leinefüregkeet an e konzentréiert Drubleiwen am Fräilaf sinn immens hëllefräich

Verfügbarkeet: 6 Plazen

 

Datum: gëtt nach festgeluecht um 18:00 Auer

Foussaarbecht "Retriever-Style"

Foussaarbecht ass e wichtegt Element am Dummy- oder am Begleithundetraining. Grad am Dummy ass et awer wichteg, datt däin Hond léiert sech no vir ze fokusséieren a net erop bei dech ze kucken. An dësem Workshop weisen ech dir wéi, a wéi een et erreecht, datt d'Foussaarbecht spéider wéi op Autopilot funktionéiert. 

Viraussetzung: keng

Verfügbarkeet: 6 Plazen

 

Datum: gëtt nach festgeluecht um 18:00 Auer

Hondsbegéinungen un der Léngt relax meeschteren

Hondsbegéinungen op sengem Spadséiergang: E leidegt Thema. Däin Hond zitt, rappt, billt oder pöbelt? Däin Hond wëll Moie-Soe goen oder Spillen? Du packs däin Hond net méi, wann een aneren Hond optaucht? 

Dann ass dëse Workshop fir dech an däin Hond. Awer opgepasst: D'Viraussetzung ass eng gutt Leinefüregkeet am Alldag. Déi kënne mer net vu Null an dësem Workshop opbauen.

Dofir: cf. Workshop vum 28.05.

Viraussetzung: eng gutt Leinefüregkeet

Verfügbarkeet: 6 Plazen

 


Umeldformulaire

Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.