Blockcoursen 2026

Ab dem 11. Abrëll 2026 gi rëm e Welpecours (Social Skills), a weiderféierend Coursen (Life Skills I & II) organiséiert. 

 

De Social Skills ass fir Hënn tëschent ca. 10 an ca. 20 Wochen.

Hei fokusséiere mir eis op déi wichteg Elementer am Zesummeliewe vu Mënsch an Hond, fir datt de Welpen eng vertrauensvoll a sécher Bindung zu sengem Mënsch(en) opbauen, Sozialkompetenzen entwéckele kann an de Mënsch säi Welpe wierklech verstoen a mat him  kommunizéiere léiert. Lassgeléist vun deenen üblechen Techniken a Kommandoen, mee hin zu enger natierlecher Verbonnenheet mam Hond a senger Natur. 

 

Dës natierlech Verbonnenheet begleet eis och nach weider an de Coursen Life Skills I & II. Si bauen openeen op an hei geet et méi ëm Kompetenzen déi's du an däin a Hond schonn opgebaut hunn, wéi ëm den Alter vun dengem Hond. Mir fokusséieren eis hei op weider natierlech Kommunikationsqualitéiten, sou datt's du dech sécher mat sengem Hond duercht Liewe beweege kanns. 

 

All Cours besteet aus Theorie (Online 2h) a Praxis (dobäussen 6h). 

Weider Informatiounen kommen zum Joreswiesel. 

 

Kriss du demnächst oder Ufank 2026 e neien Hond? Wëlls du mat dengem Hond kommunizéiere léieren? Da sécher dir lo schon deng Plaz!


Umeldung

Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.