Gruppecoursen

D'Gruppecoursen fannen ëmmer Samsdes Nomëttes statt an op festgeluechte Rdvër. All Cours gëtt a Bléck zu 4 bis 6 Rdvër organiséiert. 

 

Meng Coursen fannen gréisstendeels am alldeegleche Liewe statt, d.h. am Bësch, an engem Park, um Feld, an enger Foussgängerzon, etc. Sou kann een en Hond op allméiglech Situatiounen, déi engem am Alldag iwwert d'Féiss falen, och adequat virbereeden. 

 

Präis: 

1 Séance (eenzel bezuelt): 35 €

4 Séancen (Package): 120 €

6 Séancen (Package): 180 €

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen.)

 


Life Skills I

Besonneg an der Welpenzäit a Junghundezäit ass et wichteg, engem Hond déi néideg Kompetenzen, wéi Selbstregulatioun, Impulskontroll, Gedold... mat op de Wee ze ginn. Awer och Themen, wéi d'Sozialisatioun an d'Expositioun si wichteg. Da ginn och nach kleng Übungen fir d'Leinefürung, Réckruff, etc. ëmgesat. Dëst kann een alles wonnerbar an enger klenger Grupp zesummen mat anere Welpebesëtzer. 

Dofir gi net méi wéi 4 Muppen ugeholl. All Rasse si wëllkomm. Alter Hond: ca. 12 bis ca. 28 Wochen

Eenzeltraining virum/parallel zum Cours mécht hei absolut Sënn. 

 

Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdver

Umeldungen: 1 vu 4 

Wéini? Um 15:00 Auer

Dauer: 60 min. 

Terminer: 01.03.; 22.03.; 05.04.; 19.04.2025

 

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)


Hondsbegéinungen un der Léngt meeschteren

Hondsbegéinungen op dengem Spadséiergang: E leidegt Thema. Däin Hond zitt, rappt, billt oder pöbelt? Däin Hond wëll Moie-Soe goen oder Spillen? Du packs däin Hond net méi, wann een aneren Hond vu wäitem optaucht? Du kriss schon e Kapp-Kino? Dann ass dëse Cours dat Richtegt fir dech an däin Hond. 

Fir a Rou kënnen ze schaffen gi net méi wéi 4 Muppen ugeholl.

Mir behandelen Theme, wéi Leinefürung, Fürung generell, Stress, Frust, Impulskontroll a Selbstwierksamkeet. 

All Alter an all Rasse si wëllkomm. 

Eenzeltraining virum/parallel zum Cours mécht hei absolut Sënn. 

 

Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdver

Umeldungen: 0 vu 4 

Wéini? Um 16:00 Auer

Dauer: 60 min. 

Terminer: 01.03.; 22.03.; 05.04.; 19.04.2025

 

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)


"Behuel-Dech-Cours"

 

Dëse Cours ass fir all Teams, déi schon eng kleng Basis hunn an awer nach gären dat Eent oder Anert ausschaffen, besonneg mat Oflenkung duerch d'Grupp.

Mir behandelen Theme, wéi Leinefürung, Fräilaf (Radiuskontroll), Impulskontroll a Frustratiounstoleranz, Réckruff, Bleiwen a Waarden, Alldagsgehorsam. 

All Rassen ab dem Alter vu 6 Méint si wëllkomm.

Keng Leinepöbler!! (Fir déi Kandidaten ass den Hondsbegéinungscours)

 

Präiss: 180 € fir 6 festgeluechte Rdver

Umeldungen: 0 vu 6 

Wéini?  .. Auer

Dauer: 60 min. 

Terminer: ab Mee 2025

 

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)


"Hëllef! Mäin Hond jot."

Et kann ee villes an der Opzuucht an am Ëmgang mam Hond falsch maachen, datt ee méi oder manner onbewosst en Hond zum Joen erzitt.

An dësem Cours kriss du eng Uleedung, op wat's du am Alldag (doheem an dobaussen) oppasse muss, fir datt et guer net esou wäit kënnt, resp. deng Spazéiergäng mam Hond méi entspaant ginn. 

Dëse Cours geet wäit iwwer déi üblech Saachen, wéi Alternativverhalen opbauen, Ersatzbeschäftegung notzen a Réckruff trainéieren eraus. 

Du bass interesséiert? Da mell dech un! 

All Rassen ab dem Alter vun 3 Méint si wëllkomm.

Besonnesch och Welpen/Jonk Hënn vu Juegdhondsrassen, déi net juegdlech gefouert solle ginn.

 

Präiss: 120 € fir 4 festgeluechte Rdver

Umeldungen: 0 vu 4 

Wéini?  .. Auer

Dauer: 60 min. 

Terminer: ab Juni 2025

 

Participatioun op eege Gefor

* (kee Remboursement bei nodréiglecher Ofso vun enger oder méi Séancen)

Umeldung

Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.