1/2daagsseminairen

Mäi Gruppenangebot gëtt an onreegelméissegen Ofstänn an Hallefdaagsseminairen organiséiert.

Dës Hallefdaagsseminaire fanne Samschdes statt an et gi mind. 3 a max. 6 Teams pro Thema ugeholl.

Theme konzentréieren sech op Dummyaarbecht, Erzéiung, Gehorsam an Auslaaschtung.

Deelhuelen kënnen all Hënn ab mind. 6 Méint (wéinst der Dauer).

Bei deene meeschten Dummythemen si Basis-Kenntnisser néideg. 

 

Umeldungen wgl. iwwert de Formulaire ënnen op der Säit. 

 

Umeldungen si verbindlech a musse mind. zwou Wochen virum Seminaire stornéiert, resp. eng Ersatzpersoun ka gestallt ginn, soss gëtt de Seminaire a voller Héicht verrechent.

Präis: 80 € (3 Stonnen)

        60 € (2 Stonnen)

D'Dauer entscheed sech opgrond vun den Umeldungen*:

Bei 4-6 Umeldungen = 3 Stonnen

Bei 3 Umeldungen = 2 Stonnen

Ënner 3 Umeldungen fënnt de Seminaire net statt!

 

Participatioun op eege Gefor. 

* Ännerungen virbehalen. 


Themen

Gemeinsam amplaz just zesummen

Mir iwwerleeën eis schéin Trëppeltier, paken déi beschte Leckerlien an, an awer hu mer d'Gefill, den Hond mécht säi Wee a mir lafe just niewendrun..? An dësem Hallefdaagsseminaire dréit sech alles ëm Gemeinschaftlechkeet: e fairt Gespréich tëschent Mënsch an Hond, adequat Beschäftegung ënnerwee, awer och Themen, wéi Orientéierung, Leinenführegkeet, resp. Freifolge gi behandelt. 

Datum: 19.11.2022 09:00 Auer (bis 12:00 Auer; inklusiv klenge Pausen)

Verfügbarkeet: Ausgebucht


Dummy: Memories & Blinds

Nodeems den Hond op Dummien aus verschiddene Wénkelen an Distanzen kann agewise ginn, gëtt et Zäit déi éischt Memories a Blinds ze schaffen. An dësem Seminar fänke mer dat un, resp. baue mer dat aus. 

Datum: 19.11.2022 14:00 Auer (bis 17:00 Auer; inklusiv klenge Pausen)

Viraussetzung: D'Aweisen muss gutt klappen, Suchenpfiff on point!

Verfügbarkeet: 1 Plaz

Umeldschluss: 01.11.2022


Dummy: Foussaarbecht (Goen)

D'Foussaarbecht ass e wichtegt Element vun der Dummyaarbecht, dat ee leider gäeren vergësst ze trainéieren oder einfach och net genau weess, wéi. An dësem Hallefdaagsseminaire weisen ech eech zwee Weeër eng propper Foussaarbecht opzebauen. Mir schaffen och gezilt mat Oflenkungen (Steadiness).

Datum: 03.12.2022 15:00 Auer (bis 17:00 Auer; inklusiv klenge Pausen)

Viraussetzung: keng

Verfügbarkeet: 2 Plazen

Umeldschluss: 19.11.2022


Dummy: ABC vum Aweisen

Aweisen heescht, datt den Hond déi Richtungsuweisungen unhëllt, déi säi Mënsch him ugëtt. Hei kënne verschidde Problemer optäuchen oder den Hond ass nach net sécher genuch am Aweisen an huet nach net genuch Vertrauen a säi Mënsch an an d'Hand. An dësem Seminar kucke mer, wéi mer dem Hond hëllefe kënnen dat néidegt Vertrauen opzebauen a freedeg a propper rausgeet. 

Datum: 10.12.2022 09:00 Auer (bis 12:00 Auer; inklusiv klenge Pausen)

Viraussetzung: Basis-Dummykenntnisser

Verfügbarkeet: 4 Plazen

Umeldschluss: 26.11.2022


dogtask Good Citizen Dog

dogtask Good Citizen Dog ass genee dee richtegen Hallefdaagsseminaire fir Teams, déi sech a méi schwieregen Alldagssituatiounen, wéi Foussgängerzonen, Lift/Tram/Bus fueren, Akafszentren, etc. übe wëllen. Hei beschwätze mir wourop een oppasse muss (z.B. fir Iwwerfuerderung, negative Stress ze vermeiden), übe Leineführegkeet mat héijer Oflenkung an feilen un enger gewëssener Ëmweltneutralitéit. 

Datum: 10.12.2022 14:00 Auer (bis 17:00 Auer; inklusiv klenge Pausen)

Viraussetzung: gutt klappend Leineführegkeet

Verfügbarkeet: 2 Plazen

Umeldschluss: 26.11.2022


Dummy: Foussaarbecht (Grondstellung)

D'Grondstellung ass d'Startpositioun, aus däer den Hond herno an der Dummyaarbecht geschéckt gëtt. Fir datt ee wärend der Dummyaufgab net nach mam Hond muss diskutéieren "Fouss ze kommen", lount sech hei e korrekten a propperen Opbau. Mir schaffen och gezilt mat Oflenkungen (Steadiness).

Datum: 17.12.2022 15:00 Auer (bis 17:00 Auer; inklusiv klenge Pausen)

Viraussetzung: keng

Verfügbarkeet: 2 Plazen

Umeldschluss: 01.12.2022


Umeldformulaire

Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.