1/2daagsseminairen

Ab November 2022 wäert ech mäi Gruppenangebot an onreegelméissegen Ofstänn an 1/2daags Seminairen (3 Stonnen) organiséieren. Dës Hallefdaagsseminaire wäerte Samschdes stattfannen. De geneeë Programm mat den Themen wäert mat Zäiten ausgeschriwwe ginn. Theme konzentréieren sech op Dummyaarbecht, Erzéiung a Gehorsam. 

Deelhuelen kënnen Hënn ab mind. 6 Méint (wéinst der Dauer). 

 

Umeldungen si verbindlech a musse mind. zwou Wochen virum Seminaire stornéiert, resp. eng Ersatzpersoun ka gestallt ginn, soss gëtt de Seminaire a voller Héicht verrechent.

Präis: 80 €

 

Participatioun op eege Gefor. 


Themen

Dummy: Päiffkommandoën

Souwuel de Stoppfiff, wéi och déi eenzel Suchpfiffe sinn immens wichteg an der Dummyaarbecht. An dësem Hallefdaagsseminar bauen mir e freedege Stoppfiff an, engersäits de "Kleiner Suchenpfiff", awer och de "Mittlerer Suchenpfiff" op. 

Datum: 12.11.2022 09:00 Auer (bis 12:00 Auer; inklusiv klenge Pausen)

Plazen: mind. 4; max. 6 Teams

Verfügbarkeet: 2 Plazen

Umeldschluss: 15.10.2022


Leineführegkeet

D'Leineführegkeet ass d'Basis vun allen Themen, wéi Juegdverhalen, Leinenaggressioun, Réckruff a bei sengem Mënsch bleiwen, och ouni Léngt. An dësem Hallefdaagsseminaire gëtt d'Leineführegkeet net als Dressur-Konschtstéck opgebaut, mee et geet ëm Féierungsqualitéiten vum Mënsch, Achtsamkeet an Orientéierung um Mënsch.

Datum: 12.11.2022 14:00 Auer (bis 17:00 Auer; inklusiv klenge Pausen)

Plazen: mind. 4; max. 6 Teams

Verfügbarkeet: 4 Plazen

Umeldschluss: 15.10.2022


Gemeinsam amplaz just zesummen

Mir iwwerleeën eis schéin Trëppeltier, paken déi beschte Leckerlien an, an awer hu mer d'Gefill, den Hond mécht säi Wee a mir lafe just niewendrun..? An dësem hallefdaags Seminaire dréit sech alles ëm Gemeinschaftlechkeet: e fairt Gespréich tëschent Mënsch an Hond, adequat Beschäftegung ënnerwee, awer och Themen, wéi Orientéierung, Leinenführegkeet, resp. Freifolge gi behandelt. 

Datum: 19.11.2022 09:00 Auer (bis 12:00 Auer; inklusiv klenge Pausen)

Plazen: mind. 4; max. 6 Teams

Verfügbarkeet: 6 Plazen

Umeldschluss: 22.10.2022


Dummy: Memories & Blinds

Nodeems den Hond op Dummien aus verschiddene Wénkelen an Distanzen kann agewise ginn, gëtt et Zäit déi éischt Memories a Blinds ze schaffen. An dësem Seminar fänke mer dat un, resp. baue mer dat aus. 

Viraussetzung: D'Aweisen muss gutt klappen

Datum: 19.11.2022 14:00 Auer (bis 17:00 Auer; inklusiv klenge Pausen)

Plazen: mind. 4; max. 6 Teams

Verfügbarkeet: 3 Plazen

Umeldschluss: 22.10.2022


weider Theme komme no: Rallye Obedience, dogtask Good Citizen Dog (dGCD), etc. 


Umeldformulaire

Bitte den Code eingeben:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.